
Si hunn d’Affer ugeschmiert, dass mat enger geklauter Kreditkaart gréisser Zommen opgehuewe gi wären, oder dass et Problemer mat hire Konte géif ginn.
Doropshin hu si eng SMS mat engem Link verschéckt, wou ee perséinlech Donnéeën nei sollten aginn. E Mataarbechter géif laanscht kommen an d’Bankkaarten ofhuele sou wéi d’Zougangsdaten iwwerpréiwen.
D’Police erënnert drun, dass dat ni d’Virgoensweis vun enger Verwaltung wier an, dass ee perséinlech Daten ni via Telefon sollt weiderginn. Bei engem Verdacht, dass ee géif beduckst ginn, soll een dat och der Police mellen.