Bannent fënnef StonnenDräi Accidenter um Méindeg den Owend hate fënnef Blesséierter als Konsequenz

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Accident tëscht Fréiseng an dem Schlammestee gouf et eleng dräi Blesséierter.
© RTL

Um Méindeg den Owend géint 17.20 Auer ass tëscht der Kockelscheier a Réiser en Automobilist mat sengem Gefier am Stroossegruef gelant. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 17.45 Auer war et eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer op der Streck tëscht Fréiseng an dem Schlammestee. Hei mellt de CGDIS dräi Blesséierter.

Géint 22.20 Auer da sinn op der Stater Gare, an der Rue du Fort Wedell, zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um Dënschdeg

De CGDIS mellt ee Blesséierten en Dënschdeg de Mueren op der Tréierer Autobunn A1, Héicht Fluessweiler. Zwee Autoe sinn aneneegerannt.

Back to Top
CIM LOGO