
Um 9:32 Auer en Dënschdeg de Moie koum et an der Rue Nicolas Biever zu Rodange zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Camion, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Péiteng.
Um 10 Auer sinn op der A7 a Richtung Stad Lëtzebuerg direkt e puer Autoen anenee gerannt. Hei goufen et dräi Blesséierter, am Asaz waren d'Ekippe vu Jonglënster a Nidderaanwen.