
Géint Mëtteg war et um Belair an der Stad zu engem Accident tëscht zwee Autoe komm, bei deem zwou Persoune blesséiert gi sinn. Am Asaz waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad.
Um 16 Auer waren zu Munneref zwee Gefierer net laanschtenee komm. No dëser Kollisioun hat eng blesséiert Persoun mussen an d’Spidol bruecht ginn. Op der Plaz waren d’Ambulanz vu Réimech an d’Pompjeeë vu Munneref.