Et war e Rendez-vous ënner Frënn. D’Ministerpresidentin aus dem Saarland, d’Anke Rehlinger war um Donneschdeg zu Lëtzebuerg, zesumme mam Minister fir den Interieur, ëffentlech Bauten a Sport an dem Minister fir Wirtschaft, Innovatioun, Digitalisatioun an Energie. D’Delegatioun hat Gespréicher mat de Ministeren Delles, Gloden a Frieden, ier de Premier an d’Ministerpresidentin duerno d’Press gebrieft hunn.
D’Anke Rehlinger huet vun engem konstruktiven a konkreten Austausch geschwat. Et hätt een eng Rei Projeten definéiert, déi fir d’Saarland a Lëtzebuerg wichteg wieren. De Luc Frieden huet ënnerstrach, datt een ënnert anerem bei Theeme vun der Zukunft wéilt zesummeschaffen an huet d’KI, d’Quantentechnologie an d’autonoomt Fuere genannt.
“Mir kënne Lëtzebuerg an d’Saarland a verschiddene Beräicher zu engem Testfeld maachen, wou mer sou Munches kënnen ausprobéieren, well mer eis kennen a well mer Top Instituter an deene Beräicher hunn.”
Modern Technologien an der Protection civile - och do kann ee sech eng Kooperatioun virstellen.
“Mir hunn zum Beispill iwwer eng méiglech Zesummenaarbecht geschwat wann et ëm Drone geet, déi am Katastropheschutz kënnen agesat ginn a mir hunn eis Ministere gefrot an deene Beräicher weider enk zesummen ze schaffen.”
Déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger huet präziséiert, datt et an de Gespréicher natierlech och ëm d’Grenzkontrolle goung.
“Allerdéngs an där Zesummesetzung net als Sträittheema, mä mir hunn eis géigesäiteg verséchert, datt dat net dat Bild ass, dat mir vun Europa wëlle gelieft wëssen. Iwwerdeems wësse mer natierlech, datt mir eise Bäitrag zu Sécherheet musse leeschten, mä ech sinn dovunner iwwerzeegt, datt et méi schlau Konzepter ka ginn a gëtt.”
De Kanzler Friederich Merz hat jo dës Woch gesot, datt hien domadder rechent, datt d’Kontrollen op de Grenzen bannent der EU geschwënn ophalen. Wat dat fir d’Groussregioun bedeit a wéini déi Kontrolle kéinten eriwwer sinn wosst d’Anke Rehlinger net. Och de Premier Luc Frieden sot, do misst ee wuel de Kanzler froen.