Bilan 2022D'Spuerkeess realiséiert zejoert en Netto-Resultat vun 234,7 Milliounen Euro

Jeannot Ries
Dat ass e knappe Prozent manner wéi d'Joer virdrun. Trotz groussen internationale Krisen an Onsécherheeten hätt een den Niveau vu 2021 kënnen halen.
D'Spuerkeess realiséiert zejoert en Netto-Resultat vun 234,7 Milliounen Euro
Trotz groussen internationale Krisen an Onsécherheeten hätt een den Niveau vu 2021 kënnen halen.

De Produit bancaire klëmmt vu 647 op 753 Milliounen. Allerdéngs waren zejoert och d’Fraisen 10% méi héich wéi d’Joer virdrun.

4.471 Cliente kruten d’lescht Joer en Immobilie-Prêt accordéiert.

Hannert den Zuele stinn och Mënschen
D’Wuerzele vun där 1856 gegrënnter Bank géifen déif an d’Lëtzebuerger Wirtschaft eragoen, sou de President vum Verwaltungsrot, Camille Fohl. Geopolitesch, wiere mer den Ament net an enger Normalitéit. D’Ëmfeld wier den Ament ganz Volatil. Ee Grond firwat déi Responsabel vun der Spuerkeess decidéiert hunn, d’Provisiounen erop ze setzen. Dat géif net heeschen, datt Clienten an den Defaut gaange sinn. Et géif een antizipéieren, fir de Fall wou Turbulenzen optrieden.

“Et muss een aus der Siicht vun der Bank awer och soen, datt mir d’lescht Joer an eng gewëssen Normalitéit zeréck komm sinn, wat d’Zënsen ubelaangt. Dat ass sécher eng Normalitéit, déi an de leschte Joren eng ganz onbekannten Normalitéit war. Déi awer am Fong déi klassesch Normalitéit ass. Déi mat sech bréngt, datt d’Clienten hir Depoten, hir Epargne erëm remuneréiert kréien. Datt Kreditter nun emol e gewësse Präis hunn”, esou Presidentin vum Direktiounscomité vun der Spuerkeess, Françoise Thoma.

Et hätt een d’Cliente laang drop virbereet, datt d’Zëns-Ëmfeld iergendwann erëm changéiere géif. Bei der Spuerkeess wieren 2/3tel vun den Immobilie-Prêten mat Taux-Fixen ofgeschloss ginn.

“Dann huet de Client keen Zëns-Risiko. D’Bank dréit den Zëns-Risiko”, sou den Olivier Wantz.

D’Nofro un Immobilie-Prêten wier zanter dem leschten Trimester 2022, ëm 40%, staark agebrach. Well d’Leit mat Bléck op d’Zënsen, respektiv déi héich Präisser vun den Matières-Premières, ofwaarden, esou eng éischt Analyse.

Ëmmer méi Digital Transaktiounen

Wat méi generell d’Gewunnechte vun de Clienten ubelaangt, sou stécht ervir, datt d’digital Transaktioune weider ëm 5,4% erop goungen. 97,6% vun de Viremente ginn an Tëschenzäit digital gemaach. D’Bank-Kaarte goufen 2022 zu 18% méi gebraucht. Interessant ass, datt de Cash, zwar op nidderegen Niveau, och nees ëm ronn 11 % zougeholl huet.

D’Digitaliséierung ass dann och de groussen Defi fir d’Bank, wat d’Sécherheet vun de Systemer ubelaangt. An déi 52 Agencen ginn d’Clienten virop just nach fir sou genannt ''Evénements de Vie’’ , sou déi Responsabel vun der Bank.

PDF: Schreiwes vun der Spuerkeess

Back to Top
CIM LOGO