Chrëschtusprooch 2025 vum Grand-DucD'Stäerkt vun eisem Land: kleng an der Gréisst, mee grouss an der Eenheet

Dany Rasqué
De Grand-Duc Guillaume adresséiert sech a senger Usprooch fir Chrëschtdag eng éischte Kéier als neie Staatschef un alleguer d'Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen.
Dem Grand-Duc Guillaume seng éischt Chrëschtusprooch als neie Staatschef
Kuckt dem Grand-Duc Guillaume seng éischt Chrëschtusprooch am Video.

LIVESTREAM Tëlee

Déi éischt Chrëschtusprooch vum Grand-Duc Guillaume

Hien notzt d’Symboler vu Chrëschtdag wéi d’Luuchten, de Beemchen an de Geroch vu Kichelcher als Vecteure fir säi Message, an deem hien d’Solidaritéit, d’Opmierksamkeet fir déi Schwächst an d’Wichtegkeet vum Zesummeliewen an engem usprochsvollen nationalen an internationale Kontext an de Mëttelpunkt stellt. Ee Symbol, dat dem Grand-Duc besonnesch wichteg ass, ass de Chrëschtdagsstär un der Spëtzt vum Beemchen. Dat wier net nëmmen eng Dekoratioun. Et wier d’Liicht, dat d’Häerzer zesummebréngt.

“Chrëschtdag ass de Moment, wou d’Weeër sech kräizen, wou Frënn, Famill an Aarbechtskolleege sech ronderëm eis Traditioune versammelen. Mir deelen en Iessen a schenken eis Kaddoen an Hoffnung. Wéi an all Famill ginn et heiansdo Meenungsverschiddenheeten: wa mir den Dialog sichen amplaz vu Sträit a Spléckung, da kënne mir och als Gesellschaft méi harmonesch zesummeliewen.”

D’Luuchte mat deene fir Chrëschtdag d’Stroossen, d’Gäert, d’Fënsteren an d’Stuff doheem gerëscht sinn, sti fir de Grand-Duc Guillaume fir Hoffnung an onsécheren Zäiten.

“De Krich an der Ukrain huet de Fridden an d’Sécherheet, déi mir an Europa als eng sécher Errongenschaft ugesinn hunn, a Fro gestallt. Och fir eist Land am Häerz vun der Europäescher Unioun, dem gréisste Friddensprojet vun eiser Zäit. Awer trotz dëser Realitéit gesi mir och Resilienz: bei den Ukrainer, an Europa, wou national an international Geste vu Solidaritéit Hoffnung ginn an eis drun erënneren, datt Zesummenhalt a Krisenzäiten am wichtegsten ass.”

De Chrëschtbeemche soll eis un eis Verantwortung erënneren, déi mer fir d’Ëmwelt an d’Weltklima hunn an d’Kaddoe sollen eis drun erënneren, datt et vill Leit op der Welt gëtt, deenen et net esou gutt geet, mä de Grand-Duc ass sech bewosst, datt et och hei am Land Aarmut a Prekaritéit gëtt.

“Net jiddereen huet een Daach iwwert dem Kapp an déi héich Liewenskäschte maachen et ville Léit schwéier, iwwer d’Ronnen ze kommen, zumools den elengerzéienden Elteren an de Jonken, déi an der Beruffswelt ufänken.”

Zu Chrëschtdag gehéiert fir de Staatschef awer och de Geroch vu Kichelcher, deen hien un eis Traditiounen erënnert. Eis Identitéit misst erhale bleiwen an anengems verstäerkt ginn, duerch gelieften Oppenheet an Innovatioun, déi d’Land géifen opbléie loossen.

D’Chrëschtdagslidder an d’Musek, déi zesumme gesongen a gelauschtert ginn, verbannen d’Leit an den Ae vum Grand-Duc mateneen, och wa se eis Sprooch vläicht net géife schwätzen.

Apropos Traditiounen: no engem Trounwiessel begéint déi nei groussherzoglech Koppel Leit aus dem ganze Land. Dofir ginn et d’nächst an d’iwwernächst Joer am ganze fënnef Joyeuses Entrées am ganze Land, wéi de Grand-Duc a sengem Message op Hëllegowend annoncéiert huet.

Déi éischt Chrëschtusprooch vum Grand-Duc Guillaume mat Gebäerdesprooch
Kuckt dem Grand-Duc Guillaume seng éischt Chrëschtusprooch mat Iwwersetzung op Gebäerdesprooch am Video.

Chrëschtdagsusprooch 2025 vum Grand-Duc Guillaume

Back to Top
CIM LOGO