
Dat ass d’Resultat vun engem Gespréich, tëschent Vertrieder vun der ACEL an der Ministesch fir Recherche an Héichschoul, Stéphanie Obertin. Wou déi Plaz ass, wollten d’Vertrieder vun der Studentenorganisatioun nach net soen.
Et hätt een do e puer Plazen, déi ee sech elo mol wéilt ukucken an et misst ee sech natierlech och mat de Cerclen ofschwätzen. Wéinst Covid war d’Studentefoire jo vun der Luxexpo an de Süde geplënnert, op d’Uni, mä d’ACEL war net mat där Plaz zefridden.
Dofir elo de Wee zeréck an den Zentrum, op eng Plaz - esou de Wonsch vun deene Jonken - wou ee gutt mam Bus bäikënnt, déi besser un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass, a wou Plaz fir méi Acteuren ass.
D’ACEL ass dovunner iwwerzeegt, datt eng méi zentral Plaz de Schüler et méi einfach mécht, sech spontan no der Schoul oder wa se fräigestallt sinn, iwwert hir Zukunft z’informéieren.
Virum Gespréich mat de Vertrieder vun der ACEL war d’Héichschoulministesch an der zoustänneger Chamberkommissioun an op Demande vun déi Gréng goung an där Sëtzung och Rieds iwwert d’Doleancë vun der Studentenorganisatioun. D’Stéphanie Obertin hat an der Kommissioun gesot, si wier fir oppen dofir d’Studentefoire op enger anerer Plaz z’organiséieren.
D’Ministesch huet an der Kommissioun an och dono am RTL Interview verséchert, datt si net um Belval festhält.
D’Stéphanie Obertin: “Ech verschléisse mech fir iwwerhaapt kee Site. Ech well virun allem kucken, wéi vill Plaz mer brauchen an “en fonction” vun deem wat mer wëllen hunn, falen eng ganz Rei Saache fort.”
D’Joëlle Welfring vun déi Gréng huet begréisst, datt déi liberal Héichschoulministesch oppen ass fir aner Sitten, virun e puer Wochen wier dat net de Fall gewiescht. Si hat an der Kommissioun een Ament d’Rockhal als Site an d’Gespréich bruecht, mä huet awer och ënnerstrach, datt een deen ideale Site eréischt definéiere kann, wa gewosst ass wat ee well maachen.
“Wann ee sech driwwer eens ass, datt een d’Studente well breet informéieren, och vläicht net just iwwer akademesch Karriären, mä och iwwer verschidde Beruffschoixen, da muss ee jo och méi Experten hunn, déi vun de Betriber kommen. Dat war elo net virgesinn, mä ech fannen dat awer ganz wichteg. Och Stagen a Vakanzenjobs forméieren ee fir d’Liewen an dat ass awer e ganz wichtegt Element, genee wéi Banken, déi d’Studenten iwwert e Prêt kënnen informéieren.”
D’Ministesch Obertin hat gesot, si hätt zwou Stonne fir d’Vertrieder vun der ACEL reservéiert, déi extra vu Köln a München op Lëtzebuerg komm waren. No net mol enger Stonn huet et scho wäiss aus dem Schaarschtech vum Ministère um Boulevard de la Pétrusse gedämpt.
Fir déi 40. Editioun ass e Budget vu ronn 250.000 Euro virgesinn. D’ACEL seet et wier net hiert Zil, iwwert dee Montant eraus ze goen. Et wéilt een an engem räsonabele Kader bleiwen. Déi Méiglechkeet hätt een an der Stad.
Datt d’Studentefoire erëm zeréck an d’Luxexpo plënnert, ass onwarscheinlech. Deen Ament kéint nämlech de Budget net respektéiert ginn.
E Mëttwoch de Moien ass d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin eis “Invitée vun der Redaktioun” a mat hir schwätze mer natierlech och iwwert dat neit Konzept a froen no, ob si eventuell scho méi iwwert déi nei Plaz ka verroden.https://www.rtl.lu/news/national/a/2353738.html
E Konzept, an deem nawell eng Rei Wënsch vun der ACEL an Erfëllung ginn. Hire President de Gianni di Paoli verréit déi grouss Linnen: “An Zukunft solle méi Beruffsfelder ofgedeckt ginn, datt et net nëmmen eppes ass fir d’Akademiker, mä an Zukunft soll déi non-formal Bildung nach méi eng grouss Plaz kréien an et soll eng Informatiounsplattform gebuede ginn, déi et esou nach net hei gëtt.”
D’Acel ass sech sécher, datt mat engem méi moderne Konzept och erëm méi Schüler op d’Studentefoire ginn. D’Associatioun seet, si géif nach ëmmer ganz vill Wäert op dee perséinleche Kontakt leeën, genee wéi vill Schüler. Si brauche vum nächste Joer un net méi bis op de Belval ze fueren, well d’Foire de l’étudiant kënnt erëm an den Zentrum, a Richtung Stad, wéi d’Sophie Mangen, d’Vizepresidentin vun der ACEL seet: “Net onbedéngt eng Luxexpo. Do sinn nach aner Méiglechkeeten. Mir ginn déi elo eng no där anerer kucken.”
Wat d’Acel elo alles kucke geet, wollten de President an d’Vizepresidentin nach net soen, mä et schéngt eng ganz konkret Méiglechkeet ze ginn, mat där och de Budget vu ronn 250.000 Euro, géif respektéiert ginn: “Mir hunn do eng Méiglechkeet, déi finanziell no un dat vum Belval eru kënnt. Wann déi sech plazlech och gutt ergëtt, da wier dat eng Alternativ, déi och am Budget bleift.”
Ier d’Acel also déi nei Plaz nennt, dauert et nach e bëssen. Et géif ee sech jo och fir d’éischt gär mat de Cercle beroden, esou d’Sophie Mangen.
Weider Detailer kommen no.
Um Belval: Standuert vun der Studentefoire ongëeegent, seet d’ACEL
No Kriticke vun ACEL: Héichschoulministère verdeedegt Konzept an Uni Belval als Site fir Studentefoire