Standuert vun der Studentefoire ongëeegent, seet d’ACEL
D’ACEL ass net zefridde mam Standuert vun der Studentefoire um Campus Belval. Vun der Ministesch Stéphanie Obertin fille si sech net gehéiert.
Véier Joer schonn ass d’Studentefoire net méi an de Foireshalen um Kierchbierg, mee um Unicampus um Belval. Zanterhier wieren eng 80 bis 100 Stänn manner do. "D’Beruffswelte sinn net méi vertrueden. Mer stoussen ëmmer nees op de Problem, dass Schüler sech net kënnen orientéieren, well dat ganzt iwwer véier Gebaier verdeelt ass", kritiséiert d’Sophie Mangen, Vizepresidentin bei der ACEL. Doriwwer eraus wier et fir verschidde Schüler immens wäit bis op de Belval. Aus dem Oste bräichte Verschiddener bis zu zwou Stonnen. Am Nomëtten, wann d’Schoule fräi hätten, wier deementspriechend wéineg lass. Déi Schüler, déi do wieren, hätte Schwieregkeeten sech erëm ze fannen, well et net déi néideg Hiweiser géing ginn, wou wat ze fanne wier.
Et hätt ee probéiert mam Héichschoulministère Kompromësser ze fannen, mee et géing ee viru Faits accomplis gesat ginn. Et bräicht een eng méi grouss Plaz, wou all d’Acteure kënnen deelhuelen. Dëst misst och net d’Luxexpo sinn, mee kéint zum Beispill en Zelt um Glacis sinn, oder eng aner Plaz. Laang wëllt d’ACEL sech net méi vum Héichschoulministère ignoréiere loossen. "Vun eis wier déi nächst Etapp elo, mat de Cerclen zesummen op eiser Wanter AG ze kucken, ob mir da weiderhin op der Foire wëlle sinn. Ob dat nach ëmmer fir eis lukrativ ass", erkläert d’Sophie Mangen. Ëmmer méi Cerclë wéilten net méi dobäi sinn, an et misst een se iwwerzeege fir mat ze maachen.
Eng Ëmfro, déi mat de Cerclë vun der ACEL gemaach gouf, kënnt dann och zum Resultat, dass ee mat der aktueller Situatioun onzefridden ass. An och an engem Froebou un d’Parteien hätten dës Versteesdemech fir d’Situatioun vun de Studente gewisen.
Wann d’Studenten sech elo zréckzéien, bleift et um Enn eng Foire, op där just nach Unien an d’Maison de l’orientation vertruede wieren, sou d’Sophie Mangen. Den Dialog, deen ee mat der Héichschoulministesch hätt, wier aktuell net gutt. Enn Oktober hat dës nach op der Foire de l’étudiant RTL géigeniwwer gesot, dass een um Standuert um Belval wéilt festhalen. “Mam Succès vun haut mengen ech, ass dat net méi a Fro gestallt. Fir eis ass et ganz wichteg, dass mer dësen Event op engem Universitéitscampus maachen. Et ass flott fir déi Jonk ze gesinn, wéi e Campus ausgesäit. Dofir gi mer dee Wee weider”, sou d’Ministesch virun enger gudder Woch.
Offiziell gëtt vu 6.000 Studente geschwat, déi d’Foire de l’étudiant géinge besichen. D’ACEL geet awer, gemooss u Broschüren déi si un all Schüler verdeelen, dovunner aus, dass de Chiffer vill méi niddreg ass. Vu manner wéi der Hallschent geet riets.
Kuckt hei d'Fotoe vun der Foire de l'étudiant 2025:















































































