D'Studentenassociatioun ACEL hat ënner anerem Kritik um Standuert vun der Uni Belval als Standuert fir d'Studentefoire geäussert.

Ënner anerem, esou huet et vun der ACEL geheescht, wier de Belval net ideal. Vill Schüler, grad aus dem Oste vum Land, bräichte iwwer zwou Stonnen, fir bis dohinner ze kommen. An och d'Opdeelung, mat véier verschiddene Gebaier, wier net gutt, fir datt ee sech géif erëmfannen. Eng weider Feststellung war dann awer och nach, datt een däitlech manner Stänn vu Patronen op der Uni ze fanne wier, wéi dat nach viru Joren an der Luxexpo de Fall war.

CSJ gesäit Situatioun wéi d'ACEL

An engem Schreiwes e Méindeg huet schonn d'Jugendpartei vun enger vun de Regierungsparteien zu Wuert gemellt. Vun der CSJ huet et geheescht, datt een d'Bedenken an d'Ureegunge vun der ACEL deelt. Och si fannen de Site um Belval oniwwersiichtlech an, datt d'Foire op véier Gebaier verdeelt ass, wier net iwwerzeegend. Och datt et am Süde vum Land wier, géif der CSJ no Schüler aus dem Norden an Osten, déi op den ëffentlechen Transport ugewise sinn, benodeelegen. Net just déi eenzel Cerclen, mä och vill aner Participanten a Visiteuren deelen d'Aschätzunge vun der ACEL, esou déi jonk Chrëschtlech-Sozial nach weider.

Op Enseignement supérieur konzentréieren

An engem Schreiwes reagéiert den Héichschoulministère op dës Kriticken. Esou géif ee sech zanter 2021 nach just op Acteuren konzentréieren, déi och effektiv op den Enseignement superieur spezialiséiert wieren, wéi Universitéiten, Héichschoulen, Informatiounsservicer an eben déi verschidde Lëtzebuerger Cerclen, déi op den eenzelen Unien aktiv sinn. Virun der Pandemie nach wieren iwwer d'Hallschent vun den Acteuren op der Studentefoire net am Secteur vun der Héichschoulbildung aktiv gewiescht, dowéinst hätt een am zoustännege Ministère d'Konzept vun der Foire am Sënn vun de Schüler iwwerschafft, heescht et.

Och op d'Kritik vun der Plaz, wou d'Foire zanterhier ass, geet den zoustännege Ministère am Schreiwes an. Et hätt ee sech bewosst fir d'Uni um Belval entscheet, fir datt d'Schüler wärend der Visitt vun der Studentefoire och en Ëmfeld vun enger "moderner an dynamescher" Uni kënne kenneléieren. D'Bedenke vun der ACEL wieren awer hei schonn a verschiddene Sëtzungen tëscht de Responsabele vun der Foire beim Ministère respektiv dem Ministère selwer mat de Vertrieder vun de Studentenassociatiounen diskutéiert ginn, wat zu verschiddenen Upassunge gefouert hätt, esou de Ministère.

Uni Belval: Méi Stänn a manner Käschten

De Ministère vergläicht dann och déi leschte Foire op der Uni Belval mat där leschter, déi an der Luxexpo organiséiert gouf. Esou waren op der Foire 2025 151 Exposanten op der Plaz, déi alleguer am Domaine vum Enseignement supérieur aktiv sinn, géintiwwer 132 Stänn am Joer 2019. Och um Belval wieren dann awer Acteuren gewiescht, déi direkt näischt mat der Héichschoulbildung ze dinn hunn, wéi Vertrieder vum Jugendrot, de Jugendparteien an de Gewerkschaften.

Och d'Käschte wieren um Site vun der Uni Lëtzebuerg ganz anerer. Wärend ee fir d'Locatioun vun der Luxexpo an dem Parking ronn 400.000 Euro ausginn hätt, Basis fir dee Präis ass en Devis aus dem Joer 2022, huet d'Foire um Belval dat lescht Joer ronn 70.000 Euro kascht.

Déi aktuell Versioun vun der Studentefoire kënnt dem zoustännege Ministère no dann awer och gutt bei de Visiteuren un.

Dann ass et nach d'Betounung vum Ministère, datt, anescht wéi ugedeit, den Dialog tëscht der ACEL an dem Héichschoulministère gutt fonctionéiert an een ëmmer zu konkrete Resultater kënnt.