
Géint 9.40 Auer koum et um CR103 tëscht Kielen an Ollem zu engem Accident, an deen och e Camion verwéckelt war.
Eng Stonn drop war et en Accident an der Stad um Boulevard Raiffeisen. Hei waren e Camion an zwee Autoen implizéiert.
Quasi ëm déi selwecht Zäit sinn op der A4 Richtung Stad, op der Héicht vu Lalleng e Camion an en Auto net laanschtenee komm.
Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.