
D’Police krut e Méindeg am Nomëtteg e versichte Bedruch zu Diddeleng an der Rue des Champs gemellt. Hei gouf eng Persoun vun engem angebleche Luxtrust-Mataarbechter kontaktéiert an informéiert, dass dëse bei d’Affer géif kommen, fir deem seng Bankkaarte sichen ze kommen.
Eng Policepatrull konnt de Verdächtegen op der Plaz untreffen a säin Telefon gouf séchergestallt. Bei der Enquête huet sech erausgestallt, dass hie mat engem Kompliz ënnerwee war, dee konnt awer net méi ugetraff ginn.
De presuméierten Täter gouf festgeholl an hat um Dënschdeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.