
Et war an der Schëfflenger Strooss zu Schëffleng, wéi e Sonndeg am Nomëtteg eng Persoun opgefall ass, déi nawell flénk mat hirer E-Trottinett ënnerwee. Direkt e puer Autoe goufen iwwerholl, éier de Chauffer vun der Trottinett mat senger Maschinn gefall ass.
Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass d’Trottinett vill méi séier gefuer ass, wéi gesetzlech erlaabt. Op Uerder vum Parquet gouf d’elektresch Trottinett saiséiert an et gouf e Protokoll geschriwwen.