CGDIS-BulletinEe Blesséierte bei Auto op der Kopp um CR118, dräi Blesséierter op der A6

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt jeeweils zwee Accidenter e Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg de Moien, bei deenen am Ganze siwe Leit blesséiert goufen.
© Laurent Weber

Deemno hat sech kuerz no 18 Auer en Auto um CR118 tëscht Chrëschtnech an der Präiteler Bréck iwwerschloen. Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Fiels versuergt. Donieft waren d’Pompjeeë vu Waldbëlleg um Asaz.

Zwee Blesséierter gouf et iwwerdeem bei enger Kollisioun géint 22.19 Auer op der RN17B tëscht Bettel a Furen. Hei hat et tëscht zwee Autoe gerabbelt. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vun Tandel an dem Zenter Nordstad, souwéi de Samu vun Ettelbréck.

Zwee weider Accidenter gouf et dann en Donneschdeg de Moien. An der Avenue de la Liberté zu Nidderkuer ware géint 7.30 Auer dräi Autoen aneneegerannt an et ass eng Persoun blesséiert ginn. D’Rettungsdéngschter vu Suessem-Déifferdeng waren am Asaz. Um 8.16 Auer dann en Asaz fir d’Secouriste vu Mamer a Kielen: Zwee Autoe waren an en Accident op der A6 a Richtung Stad, tëschent dem Wandhaff an der Aire de Capellen verwéckelt. Dräi Persoune goufen dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO