
Nieft dem Brand um Houwald en Donneschdeg den Owend, bei deem et ee Blesséierte gouf, waren d’Rettungsekippe vum CGDIS wéinst zwee weidere Bränn an engem Accident geruff ginn.
Deemno war géint 19.39 Auer e Feier an enger Kichen um Boulevard de Kockelscheier an der Stad ausgebrach. D’Stater Pompjeeë konnten den Ufank vum Brand läschen an hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.
Kuerz no 20 Auer hat et iwwerdeem an engem Gaardenhaischen an der Rue des Fleurs zu Schëffleng gebrannt. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vun Esch a vu Schëffleng waren um Asaz, souwéi d’Ambulanciere vu Schëffleng.
Géint 1 Auer an der Nuecht op e Freideg goufen d’Rettungsekippe vu Jonglënster dann nach op en Accident um CR119 tëscht Eesebuer an Amber geruff. Hei gouf eng Persoun blesséiert.