Géint 12:40 Auer krute sech en Dënschdeg op der N7, direkt bei der Opfaart fir op d'A7, zwee Autoen ze paken. Een dovun huet sech duerch d'Kollisioun iwwerschloen an ass op der Säit leie bliwwen. Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert a mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht.
Aktuell ass de Verkéier op der Plaz perturbéiert an d'Opfaart fir op d'A7 Richtung Stad gespaart.