AccidentEn Dënschdeg de Moien huet et am Zentrum vu Beetebuerg gerabbelt

RTL Lëtzebuerg
Tëscht dem Kiosk an der aler Gemeng zu Beetebuerg ass en Auto vun der Strooss ofkomm.
© RTL Mobile Reporter - Charly Reuland

Den Accident war op der Route de Luxembourg fir op d’Route d’Esch ze kommen. Éischten Informatiounen no ass en Auto vun der Strooss ofkomm, op d’Verkéiersinsel geroden an huet do e Schëld ze pake kritt. Dat huet deementspriechend och Repercussiounen op d’Verkéierssituatioun am Beruffstrafic.

Informatiounen, ob et Blesséierter ginn, hu mer aktuell nach keng.

Back to Top
CIM LOGO