Tëscht 12 an 21 AuerEn Dënschdeg war et nawell lëfteg dobaussen

RTL Lëtzebuerg
Wéi Meteolux gemellt hat, waren en Dënschdeg am Nomëtteg uechter d'ganzt Land Wandvitesse vu bis zu 85 Stonnekilometer méiglech.
© Domingos Oliveira

An de Wand huet plazeweis och kräfteg geblosen. Och um Owend war weider Loft gemellt mat bis 70 km/h.

Dofir hat den nationale Wiederdéngscht och eng Alerte jaune erausginn, déi klengsten Alerte deemno.

Kachelmannwetter hat nieft der viller Loft och nach vill Reen ugekënnegt. Nieft de staarke Schaueren, ware plazeweis och kuerz Donnerwiedern net ausgeschloss ginn.

© www.meteolux.lu

De Mëttwoch bleift den Himmel bedeckt, lëfteg soll et net ginn, dofir ass awer nees vill Reen um Umarsch.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO