Néngten Dag am Bommeleeër-bis Prozess"En Zeie weess eppes, oder e weess näischt"

Diana Hoffmann
D’Defense vun engem vun den Ugeklote stellt d’Manéier a Fro, wéi de Bommeleeër-Prozess 2013/14 ofgelaf ass.
© DANIEL REINHARDT/dpa Picture-Alliance via AFP

Zwou an eng hallef Stonn hat sech d’Defense en Dënschdeg geholl, fir op de kuerze Requisitoire vum Parquet, deen hire Mandant Guy Stebens concernéiert, ze reagéieren. De fréiere Generalsekretär vun der Police ass ee vun de sechs Ugekloten, déi sech wéinst Falschaussoen am Bommeleeër-Prozess 2013/14 musse veräntwerten. De Parquet hat 18 Méint feste Prisong fir de Guy Stebens gefrot.

Säin Affekot Georges Pierret ass a senger Plaidoirie nach eng Kéier op d’Fro agaangen, wat en Zéien dann eigentlech misst wëssen. Am Resumé: “En Zeie weess eppes, oder e weess näischt”. Dotëscht géing et näischt ginn. Hien huet awer och d’Manéier kritiséiert, mat där déi deemools virsëtzend Riichterin an de Procureur am Prozess 2013/14 d’Zeie behandelt hätten. “Et gouf eng Artillerie u Froen. Eng méi suggestiv, wéi déi aner. Zu allem ass den Här Stebens befrot ginn, just net zu Wilmes/Scheer”, sou den Affekot. De Marc Scheer a Jos Wilmes sinn d’Ugekloten am Prozess 2013/14, a Parties civiles an dësem. Och d’Affekotin Anouck Ewerling, déi sech de Prozess vun deemools, deen opgezeechent gi war, nach eng kéier ugekuckt huet, sot: “Mir sinn d’Kopfhörer bal vum Kapp geflunn”. Et wier gebläert gi vun alle Säiten an hire Mandant wier ënnerbrach ginn. Doriwwer eraus wier hie wéi e Ligener an e Schoulbouf duergestallt ginn. Et misst ee sech drop zréckversetzen, wéi de Prozess deemools verlaf ass.

Fir déi zwee Affekoten ass kloer, dass hire Mandant deemools an haut just kéint an der Affär Wilmes/Scheer aussoen, well en dofir geruff war. An do kéint ee keng Falschausso festhalen. Falls et esou eng hätt sollte gi sinn, wier et um Parquet dat ze beweisen. Mee de Guy Stebens hätt näischt gemaach wat strofrechtlech relevant wier, a wier deemno op ganzer Linn fräizespriechen. D’Maître Anouck Ewerling ass déi 17 Falschaussoen nach eng Kéier duerchgaangen, déi dem Guy Stebens reprochéiert ginn. “Bei all presuméierter Falschausso wäert ech Iech soen: Wou ass de Lien zu Scheer a Wilmes? Wou ass de Prejudice? Wou soll den Här Stebens d’Geriicht wëssentlech ier gefouert hunn?”, huet si relativ am Ufank vun der Plaidoirie gefrot.

Ee vun den Enquêteure vun der Police, deen déi éischt Woch vum Prozess als Zeie gehéiert gouf, hat dann op d’Feelen un engem Agenda vum Guy Stebens higewisen, dee verschwonnen ass, oder deen et ni ginn huet. Nämlech feelt genau dee vum Joer 1985, wou et ënner anerem d’Attentat op de Palais de Justice gouf, an d’Observatioun Geiben war. Ma wat mat dësem Agenda wier oder net wier, wier an dësem Zesummenhang irrelevant, esou d’Affekotin. Deen Ament, wou déi kruzial Momenter waren, vun deene permanent rieds geet, war de Guy Stebens op enger Weiderbildung an Däitschland.

Och zu de Fuerderunge vun den dräi Parties civiles, also dem Marc Scheer, Jos Wilmes an dem Staat, huet d’Affekotin sech prononcéiert. Et wier net hirem Mandant seng Schold, dass d’Justiz decidéiert hätt, de Prozess z’ënnerbriechen. An et wier net seng Schold, dass dat 11 Joer gedauert huet. Et kéint een d’Parties civiles Scheer a Wilmes jo och anescht froen: Wa si keng Bomme geluecht hätten zu hirer Zäit, da wiere mer net hei. Mee dat géing d’Defense net maachen, sou d’Anouck Ewerling. Si kéint de Frust, d’Enttäuschung an d’Roserei vun de Parties civiles verstoen. Dëst wiere Gefiller, déi si mat hirem Mandant, dem Guy Stebens géing deelen. Mee de Reproche kéint net u seng Adress gemaach ginn.

De Prozess geet e Mëttwoch de Mëtte weider.

Back to Top
CIM LOGO