Samu op der PlazEng blesséiert Persoun bei engem Accident zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie respektiv am fréien Nomëtteg gouf et op eise Stroossen zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.
E Gefier vum Samu.
© Jeannot Ries

Um 11 Auer ass en Auto an der Cité Paerchen zu Schëffleng accidentéiert. Hei waren de Samu aus der Stad, d’Ambulanciere vun Esch an d’Schëfflenger Pompjeeën am Asaz.

Géint 12.50 Auer krut dann e Camion am Éilerenger Tunnel op der A13 an Direktioun Péiteng en Auto ze paken. Hei sinn d’Pompjeeë vun Esch an aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Ambulancieren aus dem nämmlechten Zenter.

Back to Top
CIM LOGO