Tëscht Aasselbuer an ËlwenDéidleche Verkéiersaccident op der N12, Bäifuererin nach op der Plaz gestuerwen

Andy Brücker
D'N12 huet musse fir e puer Stonne komplett fir den Trafic gespaart ginn.
© Domingos Oliveira

En Donneschdeg géint 13 Auer gouf der Police en Accident op der N12 a Richtung Ëlwen gemellt. E Gefier ass aus nach onbekannter Ursaach vun der Strooss ofkomm, ass an e Gruef geroden an dono géint e Bam gerannt.

D’Bäifuererin ass nach op der Plaz un hire Blessure gestuerwen. De Chauffer gouf schwéier blesséiert an d’Spidol bruecht.

De Parquet huet eng Enquête ageleet, fir d’Ursaach vum Accident ze klären.

D’Strooss gouf wärend de Rettungs- a Biergungsaarbechte gespaart.

Op der Plaz war de Rettungshelikopter, d’Pompjeeë vun Ëlwen a Wëntger, grad ewéi Ambulanze vun Housen a Clierf.

Back to Top
CIM LOGO