CGDISFoussgänger um Belair ugestouss, Cyclist um CR139

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend um 18.50 Auer ass e Foussgänger ugestouss ginn.
© Laurent Weber

Bei deem Accident am Kräizgrënnchen ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad, respektiv d'Ambulanz vu Mamer.

E weideren Accident gouf et dann e Freideg, kuerz virun der Mëttesstonn: Um CR139 tëschent dem Schorenshaff a Gréiwemaacher ass e Cyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Miersch a Manternach.

Back to Top
CIM LOGO