
An der Avenue Nicolas Kreins zu Wolz huet eng Patrull vun der Police e Samschdeg den Owend zwou Persounen ugetraff, déi offensichtlech am Gaange waren, en Joint ze fëmmen.
Bei der Kontroll vun der Police goufe bei enger vun den zwou Persounen ronn 300 Gramm Haschisch fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. D'Drogen an d'Handye vun de Persoune goufe saiséiert.