D'Police deelt matEng Rei Chaufferen haten ze vill gedronk a waren an Accidenter verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend gouf et zwee Accidenter, bei deenen d'Chaufferen ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL Archivbild

En Dënschdeg am Nomëtteg gouf de Beamte géint 16.20 Auer een Auto gemellt, deen um CR226 a Schlaangelinnen a Richtung Izeg gefuer ass. D’Autosfuererin konnt kuerz Zäit drop ermëttelt ginn. Eng Alkoholkontroll huet gewisen, datt si ze vill gedronk hat a si huet duerfir hire Fürerschäi missen ofginn.

Géint 18.30 Auer gouf dann nach een Accident tëscht zwee Autoen an der Rue des Jardins zu Gilsdref gemellt. Och hei war den Alkoholtest positiv an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Och e Protokoll gouf erstallt.

E weideren Accident gouf et en Dënschdeg den Owend ëm 22.45 Auer op der A3 op der Héicht vum Gaasperecher Kräiz, wou sech een Auto iwwerschloen huet. De Chauffer gouf fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht, wou och en Alkoholtest gemaach gouf. Deen ass positiv verlaf an et gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt. Och hei gouf ee Protokoll geschriwwen.

An der Nuecht op e Mëttwoch huet eng Policepatrull dann och nach een Auto op dem Boulevard d’Avranches an der Stad gesinn, dee mat enger onsécherer Fuerweis op sech opmierksam gemaach huet. De Chauffer konnt méi spéit ugehale ginn, wéi d’Police mellt. Bei der Kontroll gouf et da relativ séier offensichtlech, datt de Chauffer ze déif an d’Glas gekuckt hat. Och hei gouf ee Fuerverbuet ausgesprach. En Drogentest op der Plaz huet och ee positiivt Resultat erginn.

Back to Top
CIM LOGO