Konferenz iwwer d’Gefore vun Ecrane bei Kanner"D’Entwécklung vun de Kanner gëtt duerch d'Ecrane massiv gestéiert"

Céline Eischen
An Australien ass een neit Gesetz a Kraaft getrueden, dat d'Notze vun de soziale Medie fir Jonker a Kanner ënner 16 Joer verbitt.
© Céline Eischen

Et ass ee Gesetz, wat vill Diskussioune provozéiert: Op der enger Säit erlaben déi sozial Medien et méi einfach a Kontakt ze bleiwen an ënnerteneen ze kommunizéieren. Op der anerer Säit hunn Instagram a Co nogewisen negativ Effekter op d’Entwécklung vun de Kanner. Där Meenung ass och d’Dr Anne-Lise Ducanda, Pediater, déi op d’Entwécklung vun de Kanner spezialiséiert ass. Si war e Mëttwoch op Invitatioun vum nationale Sucht-Präventiounszenter fir eng Konferenz op Lëtzebuerg komm.

Wann ech een Objet lassloossen, da fält en op de Buedem. Wann ech ee Ball fort drécken, da rullt en ewech: Fir déi meescht Leit ass dëst wuel keng Iwwerraschung. Ma Kanner mussen déi Zesummenhäng fir d’éischt emol léieren. Een Ecran stéing dëser Entwécklung awer nawell ferm am Wee, esou d’Dr Anne-Lise Ducanda:

D’Ecranen huelen deene ganz klengen déi essentiel Besoinen ewech, nämlech mat anere Mënschen, grad mat den Elteren, dacks qualitativ a gutt ze interagéieren an esou d’Sprooch an d’Kommunikatioun ze entwéckelen. Dono och d’Entdecke vun der realer Welt an den dräi Dimensiounen, mam ganze Kierper a mat all de Sënner. Just ënner dësen zwou Konditioune ka sech e Kand richteg entwéckelen. Mä Ecrane stinn all deem am Wee”.

Och wann d’Welt vun haut ëmmer méi digitaliséiert ass, esou mussen d’Kanner awer net direkt mat dësen Technologie konfrontéiert ginn: Déi mënschlech Kompetenzen hätte Prioritéit, well déi digital Kompetenze kéint een och méi spéit eréischt léieren. D’Dr Ducanda réit dann och de Familljen, d’Kanner esoulaang et geet vun den Ecranen ewechzehalen.

“Am Beschten ass et, engem Kand bis zu 6 Joer guer keen Ecran ze ginn, well soss gëtt et un e Pleséier, dee süchtegt mécht an et vum Rescht ewechdréit, gewinnt. Wann een Kand d’Wiel huet tëscht engem Tablet, engem Telefon an enger Spillsaach, da wäert et den Ecran wielen. Mä d’Kand brauch et, fir ze spillen, ze lafen, ze schwätzen an zesumme mat senger Famill ze spillen.”

An der Moyenne huet ee Stot 10 Ecranen doheem. D’Doktesch gëtt dowéinst och zou, datt et keng einfach Aufgab wier, fir d’Kanner vun dësen all Dag fortzehalen. Och d’Angscht, datt d’Kanner vun hire Frënn isoléiert wieren, ka si verstoen. Ma d’Ecranen géife méi Nodeeler wéi Virdeeler bréngen, dofir sollen d’Ecranen allgemeng méi limitéiert ginn, fir datt ebe kee Kand ausgeschloss gëtt.

Elteren, deenen hir Kanner scho fréi op Handyen, Tabletten an Fernseeë gekuckt hunn, sollen der Doktesch no awer net a Panik verfalen: et wier ni ze spéit, d’Ecranszäit ze limitéieren.

Et ass vill méi schwéier, d’Ecrane bei engem Jugendlechen ze limitéieren, wéi ze vermeiden, datt hien ze vill dovu kritt. Mä et ass ni ze spéit: et muss een hinnen erklären, datt, wann ee säi Kand gär huet, een net onbedéngt dat mécht, wat et wëllt, mee dat, wat gutt fir et ass. Et ass wichteg, datt d’Kand schléift, datt d’Kand erausgeet, Sport mécht, liest an un d’Realitéit ugeschloss bleift. Dofir muss een d’Ecrane limitéieren.

Och an de Schoule sollt ee vun Tablett- a Laptop-Klasse fortkommen a nees mat Bicher a Stëfter schaffen. Et géifen nämlech keng Etüde ginn, déi géife beweisen, datt Kanner op dem digitale Wee besser léieren, wéi op deem klasseschen.

D’Dr Ducanda huet och ee Buch zu dësem Sujet geschriwwen: An ''Les tout-petits face aux écrans. Comment les protéger’’ schreift si iwwer hir Erfarungen mat Kanner, déi wéinst den Ecranen ëmmer méi Schwieregkeeten haten a gëtt Tuyauen, wéi een d’Kanner besser schütze kann.

Back to Top
CIM LOGO