
“Et ass e Budget vun der Stabilitéit an enger Welt vun Onstabilitéit”. Mat deene Wierder huet den CSV-Finanzschäffe Laurent Mosar am Stater Gemengerot de Budget fir dat anert Joer beschriwwen an och déi liberal Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet vu Stabilitéit geschwat. “Vun der grousser Chance an enger Stad, engem Land ze liewen wou d’Stabilitéit nach géif zum Alldag gehéieren.” Déi ordinär Recette leie bei 1,3 Milliarden Euro, déi ordinär Depensen bei méi wéi 900 Milliounen.
Déi stabil Recette géifen en ambitiéisen Investitiounsprogramm vu méi wéi 700 Milliounen Euro erlaben, freet sech de Stater Finanzschäffen Laurent Mosar. Dat wier en neie Rekord an déi Suen géife quasi exklusiv an nei Infrastrukturen investéiert ginn. Deen héijen Investitiounsniveau géif fir eng positiv Stëmmung an der Stad an am Land suergen, schliisslech géif d’Stad Lëtzebuerg dofir suergen, datt Entreprisen Aarbecht fir hir Leit hätten. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet eng Rei grouss Projeten opgezielt.
“Déi gréissten Investitioun, dat ass déi fir den Ausbau vun der Beggener Kläranlag mat 33 Milliounen, dat ass d’Bréck vum Cents op de Weimeschhaff iwwert d’Neiduerf fir 13 Milliounen, dat ass onse Bäitrag fir de Luxtram, dee weider ausgebaut gëtt fir 11 Milliounen, dat ass zu Bouneweg d’Extensioun vun eisem administrative Gebai op der Rocade mat 10 an enger hallwer Millioun, dat ass zu Hamm de Projet vum Ausbau vum Stade de athlétisme fir 10 Milliounen. “
Dat ass awer nach laang net alles an de Finanzschäffen Laurent Mosar huet am Gemengerot drop gehalen Detailer iwwert d’Suen ze ginn, déi d’Gemeng fir dat Soziaalt aus gëtt. “Do kommen ech wierklech net derlaanscht Iech emol eng Kéier déi Zuelen ze nennen, well et huet ee jo heiansdo d’Gefill, wann een eenzel Leit héiert, datt ech dat nëmme géif an d’Sécherheet investéieren, a grouss Prestigeprojeten an ech géif näischt maache fir dat Soziaalt. Abee, do kann ech Iech elo mol eng Kéier alleguer déi Zuele virliesen. Do si mer och op engem Rekordniveau ukomm. Mir wäerten am Budget 2026 183.119800 Euro investéieren.”
De Laurent Mosar huet och ervirgestrach, datt d’Stad eng 300 Milliounen Euro fir Vefa-Projeten ausgëtt an do huet den CSV-Politiker d’Fro opgeworf, wéi et da mat dem Staat ass.
”....par rapport zu der Regierung, déi permanent do ukënnegt wat si géif a Verfaen investéieren. Ech hunn awer bis elo d’Gefill, datt just d’Stad Lëtzebuerg massiv a Vefaen investéiert an ech ginn Iech hei d’Zuel. 303 Milliounen! 303 Milliounen! Ech géif emol gär eng Kéier gesinn, wéi vill de Staat, wat awer nach ëmmer de Staat ass, a Vefaen investéiert huet.” Dat dierft e Chiffer sinn, deen déi Schwaarz-Blo Regierungskoalitioun der Blo-Schwaarzer Koalitioun um Knuedler sécher ouni all ze vill Schwieregkeeten kann nennen.
E Freideg gëtt iwwert dëse Budget debattéiert a fir e Méindeg steet de Vott um Ordre du Jour.