Déi Lénk hu mat engem Altersduerchschnëtt vu liicht iwwer 30 Joer eng ganz jonk Lëscht fir d’Europawalen. Déi 41 Joer al Ana Correia da Veiga ass déi eelste Kandidatin op der Lëscht a gëllt inoffiziell och als Spëtzekandidatin, och wann déi Lénk, déi als Ekipp wëllen optrieden, dëst net esou betitelen.
Well bei den Europawalen awer Käpp gewielt ginn, probéiert een, dass dës Approche vun déi Lénk, fir kee Spëtzekandidat ze designéieren, keen Nodeel ass. Deene Lénken ass et virop wichteg, déi eegen Theemen un d’Leit ze bréngen an déi Jonk mat an d’Boot ze huelen, dass dës éischt Erfarunge sammele kënnen.
Déi Lénk sinn dofir, datt Lëtzebuerg an der EU bleift, ma fir si wier et wichteg, datt Europa aneschters investéiert. Deemno misst ee manner an d’Militär investéieren, mee méi sozial agéieren. D’Grondrechter vum normalen, schaffenden Europäer misste gestäerkt ginn an de Profit vun de grousse Firmen dierft net am Vierdergrond stoen.
Wat den europäesche Mindestloun ugeet, geet och dat deene Lénken net duer. D’Pai wier net alles, och d’Gesondheetswiese misst gestäerkt ginn an och a Saache Logement misst eppes geschéien. “D’Pai eleng geet net duer”, esou d’Ana Correia da Veiga.
Zu Stroossbuerg ass rezent e Moossnamepak gestëmmt ginn, dee méi streng Reglementatiounen op den europäesche Grenze virgesäit. Deen hätten déi Lénk net matgedroen, esou d’Ana Correia da Veiga. “Mir sinn och iergendwéi entsat, wéi zum Beispill d’Sozialisten deen dote Projet konnte matdroen”, sot eis Invitée. Dës Reglementatioune wieren net am Interêt vun de Leit, déi virun Aarmut a Konflikter géinge flüchten. D’Migratioun soll och net zu engem “Luxus” ginn, mee jidderee misst déi Chance kréien.
Am Walprogramm vun deene Lénke fënnt een och eng ganz Partie gréng Theemen. Op europäeschem Niveau ass een net onbedéngt enttäuscht vun der grénger Politik, ma dee “gréngen Optimismus” hätt ee sech och op nationalem Niveau gewënscht. Deene Lénken ass a Saache Klimapolitik virop wichteg, dass déi gréng Theemen och sozial gebonne sinn. “Et däerf kee Luxus sinn, kënne klimaneutral ze liewen”, esou d’Kandidatin vun déi Lénk.