Iwwer d’Feierdeeg wëll den 51 Joer alen CSV Politiker de Point maachen, ob hien an Zukunft Fraktiouns-Chef, Buergermeeschter a Famill ënner een Hutt wäert kréien: “Ech hunn nach net d’Zäit gehat, fir mer dat elo am Detail ze iwwerleeën, wéi ech dat kéint organiséieren. Ech krut scho gesot, oder d’Beispill genannt, vu Kolleegen, déi dat och gemaach hunn. De Gilles Roth war Buergermeeschter zu Marmer a Fraktiounspresident. Den Alex Bodry huet dat och gemaach, Diddeleng a Fraktiounschef vun der LSAP. Mat him hunn ech och scho mol mech kuerz doriwwer ausgetosch an ech wëll mer dat elo iwwert d’Feierdeeg, d’Chance ass jo elo datt e bësse méi eng roueg Zäit vläicht kënnt, dat och nach eng Kéier iwwerlee mat der Famill, mat Kolleegen duerchdiskutéieren. An natierlech och hei mat de Leit op der Gemeng an och mat menge Fraktiounskolleegen hei am Gemengerot dat duerchdiskutéieren. Well egal wéi eng Decisioun ech géif huelen, huet dat jo och en Afloss op hir Liewensplanung. Meng gouf elo op d’Kopp geheit an ier ech anere Leit hier och op d’Kopp geheit, mengen ech ass et fair, fir och mat hinnen doriwwer ze schwätzen.”
De Bureau op der Gemeng raume géif him op jidder Fall net einfach falen, misst et souwäit kommen, sou de Laurent Zeimet. U Projeten an Iddie fir Beetebuerg géif et him net feelen. Op der anerer Säit wëll den neie Fraktiounspresident mat der Regierungsekipp, mam Koalitiounspartner zesumme kloer Messagen ausdiskutéieren an och zesummen no baussen droen.
D’Regierungsëmbildung, déi de Premier Luc Frieden e Méindeg ugekënnegt hat, huet eben net just als Konsequenz, datt d’Ressorten “Aarbecht” a “Sport” nei, un de Marc Spautz, respektiv un d’Martine Hansen ginn. D’CSV huet och missen de Poste vum Fraktiounschef nei besetzen. Do krut jo e Mëttwoch den Owend de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet eng breet Zoustëmmung. Wat um Enn och eventuell en Impakt op Gemengen-Niveau kéint kréien.
‘’ Ech krut d’Fro e Sonnden de Mëtte gestallt, ob ech mer dat prinzipiell kéint virstellen. An dunn hunn ech gesot, prinzipiell kéint ech mer dat virstellen. Well ech och der Meenung sinn, seet een net einfach esou, nee, wann een esou eng Responsabilitéit kann unhuelen. An ech hu mer natierlech awer iwwerluet an och mat der Famill eng Kéier duerchdiskutéiert. A mir war da besonnesch wichteg, datt virun allem d’ Kolleegen an der Fraktioun sech dat och kéinte virstellen. ‘’
Fraktiounspresident ass eng Funktioun, déi Responsabilitéit mat sech bréngt, wat eben och Zäit an Usproch hëlt.