Si hätte Mesuren, déi relativ einfach ëmzesetze wieren.
De Logement, déi éischt Suerg vun de Bierger, misst och déi éischt Prioritéit vun der Politik ginn, sot de Marc Lies, Vizepresident vun der Logementskommissioun, e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz. An deem Kader huet d’Partei hir Mesurë presentéiert, déi si géingen huelen, fir géint d’Logementsproblematik virzegoen. Bis elo géingen dës ëmmer mat 29 zu 31 Stëmmen an der Chamber ofgewise ginn.
“Mir sinn der Meenung, dass e Moratoire op den Amendementer vum Mietgesetz muss gemaach ginn”, seet d’Co-Parteipresidentin Elisabeth Margue. Doriwwer eraus soll e rechtleche Kader fir nei Wunnforme wéi Co-Locatioune geschaaft ginn an ee fir den Opkaf vu Wunnengsprojete vu Promoteuren duerch d’ëffentlech Hand. Ma och de Privatsecteur misst besser mat agebonne ginn, well deen ëffentlechen eleng et net packe géing, fir genuch ze bauen.
Op där aner Säit misst awer och de Bierger gehollef ginn, dass si sech kënnen eng Wunneng leeschten. Dëst sollt duerch steierlech Entlaaschtunge geschéien, déi de Co-Fraktiounspresident Gilles Roth presentéiert huet. Den TVA-Steierkredit soll fir d’Éischtwunneng op 100.000 Euro verduebelt ginn, de superreduzéierten TVA-Saz vun dräi Prozent beim Bau vu Mietwunnenge soll wärend dräi Joer gëllen, de bëllegen Akt vun 20.000 Euro op 50.000 an d’Luucht goen an d’ofsetzbar Uewergrenz fir de Scholdzëns um Eegenheem soll verduebelt ginn.
Weider stéiert sech d’CSV och um Naturschutzgesetz an deem Kontext. D’Prozedure beim Bau géingen heiduerch just an d’Längt gezu ginn. “All Gestrëpp ass e Biotop, dat herno deier gëtt”, betount d’Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen. Et dierfte keng Kompensatiounen am bestoende Bauperimeter gefuerdert ginn. Et kéime jo lo ëmmer méi Upassungen am Naturschutzgesetz, ma dat géing awer ëmmer just op Drock passéieren.
Weider gouf nach d’Politik vun der Blo-Rout-Grénger Regierung kritiséiert. D’DP wier wäit fort vun de Leit, wann et géing ëm de Logementsproblem goen. 2014 hätten de Premier an déi deemoleg Logementsministesch Maggy Nagel 10.000 Wunnengen am Eilverfare versprach. An 9 Joer wieren awer just 3.000 erschwénglech Wunnenge gebaut ginn, huet de Marc Lies betount.
De Co-Parteipresident Claude Wiseler huet iwwerdeems eng dramatesch Situatioun um Wunnengsmarché opgezeechent. An de leschten 10 Joer hätt dës sech ëmmer weider verschlechtert. D’Offer géing der Demande hannendru lafen, d’Präisser wieren ëm iwwer 100 Prozent an d’Luucht gaangen. An de leschten néng Méint wieren 23 Prozent manner Baugeneemegungen ausgestallt ginn. D’Fédération des Artisans géing dovunner ausgoen, dass fir d’nächst Joer 40 Prozent manner Wunneenheeten op de Marché géinge kommen.