Am Kader vum véierte Spilldag an der Champions League goufen um Dënschdegowend néng Matcher gespillt. Bayern gewënnt 2:0 zu Madrid, PSG iwwerrennt Villareal mat 6:0 a Manchester United dréint de Match géint Roum.
Am Virfeld vun all Match gouf et eng Gedenkminutt fir de Jesus de Miguel vum spueneschen Zweetligist CD Teneriffa, deen no enger uerger Kollisioun mam géigneresche Golkipp un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen ass.
Atlético Madrid - Bayern München 0:2
0:1 Karl (54'), 0:2 Laimer (74')
Bayern huet sech duerch eng staark zweet Hallschent mat 2:0 géint Atlético Madrid behaapt. An den éischte 45 Minutten hu béid Ekippe kee Schoss direkt op de Gol bruecht, woubäi d'Gäscht vu München méi Ballbesëtz a méi Ofschlëss virzeweisen haten. Atlético ass awer wéi gewinnt gëfteg opgetrueden a konnt duerch de Julian Alvarez (2') an den Alexander Sörloth (30') ëmmerhin zwee Mol un der Féierung schnupperen. Fir Bayern haten den Harry Kane déi zwou beschte Chancen (27' an 34').
Nom Säitewiessel huet Bayern een Zant bäigeluecht a konnt sech direkt dofir belounen: De Lennart Karl passt no engem ofgewierte Schoss vum Tom Bischof excellent op a léist dem Jan Oblak keng Chance. Vun do hunn hat Bayern de Match gréisstendeels am Grëff an huet eng Véierelstonn viru Schluss duerch ee stramme Schoss vum Konrad Laimer verdéngt op 2:0 erhéicht. Dobäi sollt et um Enn och bleiwen, well Atlético Madrid näischt méi entgéintzesetzen hat.
Schachtar Donezk - Sporting 0:1
0:1 Doumbia (59')
Sporting huet sech an engem komplizéierten Auswäertsmatch mat 1:0 un der Stamford Bridge géint Schachtar Donezk duerchgesat. Waren déi éischt 45 Minutten nach éischter onspektakulär, sou si béid Ekippe mat vill Schwong fir déi zweet Hallschent aus der Kabinn komm. No enger knapper Stonn huet den Issa Doumbia mat e bësse Gléck den 1:0 fir Sporting markéiert, well Schachtar de Ball virun seng Féiss gekläert huet. Vun do un hunn d'Ukrainer gutt an de Match fonnt an ëmmer méi Drock opgebaut, ouni awer zum Ausgläich ze kommen. Um Enn retten d'Portugisen hir knapp Féierung iwwert d'Zäit a séchere sech domat wichteg dräi Punkten.
Galatasaray - Stuttgart 2:0
1:0 Batrakov (11'), 2:0 Batrakov (15')
Galatasaray huet Stuttgart um fréien Owend zu Istanbul mat 2:0 geklappt. D'Gäscht aus Däitschland sinn eigentlech besser an de Match komm an hate grousse Pech, wéi dem Jamie Leweling säi Schoss an der aachter Minutt als éischt un de lénke Potto flitt a vun do direkt un de rietse Potto. Fir Stuttgart sollt et eng batter éischt Véierelstonn ginn, well den Aleksey Batrakov kuerz drop mat engem Doublé fir eng komfortabel 2:0-Féierung fir Galatasaray gesuergt huet. Am weidere Verlaf huet d'Lokalekipp dëse Score geréiert a konnt sech dobäi op eng excellent Leeschtung vum Ugurcan Cakir am Gol verloossen. Fir Stuttgart ass et déi éischten Néierlag an der Champions League dës Saison.
FC Barcelona - Aston Villa 3:0
1:0 Lamine Yamal (7'), 2:0 Raphinha (52'), 3:0 Raphinha (64')
Trotz gudder Leeschtung verléiert Aston Villa mat 0:3 am Camp Nou géint Barcelona. Wéi och schonn um Weekend an der Liga huet sech de Lamine Yamal de Frust vum verpasste Ballon d'Or vun der Séil gespillt an de fréien 1:0 markéiert. Och an der zweeter Hallschent konnt Barcelona fréi treffen, dat a Persoun vum Kapitän Raphinha. No enger Stonn konnt de Brasilianer ee weidere Gol bäileeën an domat fir kloer Verhältnesser an den Endstand suergen.
Manchester United - AS Roum 3:2
0:1 Soulé (11'), 0:2 Malen (17'), 1:2 Fernandes (58'), 2:2 Cunha (83'), 3:2 Cunha (86')
Manchester United dréint de Match am Old Trafford géint Roum an huet domat déi éischte Kéier no néng Matcher nees gewonnen. Géint déi ambitionéiert Réimer hat d'Ekipp vum Trainer Michael Carrick virun allem am éischten Duerchgang awer grouss Schwieregkeeten an huet bei den zwee Géigegoler kräfteg matgehollef. Den 1:0 ass op ee liichte Ballverloscht vum Kobe Mainoo am Mëttelfeld zréckzeféieren a beim 2:0 huet den Ayden Heaven ee Schoss mat der Hand geblockt an domat een Eelefmeter verursaacht. Déi defensiv Feeler konnten d'Red Devils duerch een engagéierten Optrëtt am zweeten Duerchgang awer kompenséieren: De Bruno Fernandes huet mat engem Eelefmeter fir den 1:2 gesuergt, éier de Matheus Cunha mat engem spéiden Doublé fir grouss Emotiounen am Old Trafford gesuergt huet.
Feyenoord - Inter 0:3
0:1 Bisseck (8'), 0:2 Esposito (34'), 0:3 Zielinski (54')
No zwou Néierlage fir den Optakt konnt Inter Mailand zu Rotterdam déi zweet Victoire um Stéck feieren. An enger animéierter éischter Hallschent hunn d'Nerazzurri sech äiskal gewisen an duerch de Yann Aurel Bisseck an de Pio Esposito zwee Mol zougeschloen. An den zweete 45 Minutten huet de Piotr Zielinski mat sengem Gol zum 3:0 séier den Deckel drop gemaach an domat waren Inter déi dräi verdéngt Punkten net méi ze huelen. De Feelstart an dës Campagne ass also quasi vergiess.
Bodö/Glimt - Lille 0:0
An engem langweilege Match trenne sech Bodö/Glimt a Lille relativ onspektakulär mat 0:0. Fir Lille ass et um Polarkrees ëmmerhin deen éischte Punkt an der Champions League dës Saison.
Villareal - PSG 0:6
0:1 Neves (9'), 0:2 Doué (12'), 0:3 Mayulu (13'), 0:4 Fabian (17'), 0:5 Fabian (50'), 0:6 Boly (78')
PSG huet zu Villareal d'Muskelen zolidd spille gelooss an d'Spuenier mat 6:0 iwwerrannt. Schonn no 17 Minutten haten d'Jonge vum Trainer Luis Enrique véier Goler geschoss. Och dono hunn d'Fransouse weider monter no vir gespillt a konnten de Score weider ausbauen. Iwwer 90 Minutten huet Villareal dem Titelverdeedeger näischt entgéintgesat an ass reegelrecht zerfall. Fir PSG ass et déi véiert Victoire an der Champions League an domat op d'mannst iwwer Nuecht déi éischt Plaz an der Tabell.
LASK - Slovan Bratislava 4:0
1:0 Jörgensen (19'), 2:0 Jörgensen (37'), 3:0 Ljubicic (44'), 4:0 Adeniran (48')
Slovan Bratislava huet alt nees ënner Beweis gestalt, dass si déi schwächsten Ekipp an der Champions League sinn. Géint LASK Linz hunn d'Slowaken 90 Minutte laang net an de Match fonnt an ënnert dem Stréch och an der Héicht verdéngt mat 0:4 verluer. Scho beim Säitewiessel stoung et 3:0 fir d'Éisträicher. Dräi Minutten no der Paus huet de Samuel Adeniran schliisslech fir de 4:0-Endstand gesuergt.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.