
E Sonndeg de Moie war eng 71 Joer al Persoun no hirer Arrivée am Prisong fir Untersuchungshäftlingen zu Suessem gestuerwen. Wéi elo gewosst ass, un engem natierlechen Doud.
Dat hätt eng Autopsie erginn, déi op Uerder vun engem Untersuchungsriichter duerchgefouert gouf. En Afloss vu bausse kéint ausgeschloss ginn.