
Esoulaang kee Bréif vum nationale Fraerot virleit, deen erkläert, firwat d'Federation nationale des femmes luxembourgeoises aus deem Conseil gehäit gouf, wéilt si net reagéieren. Dat sot eis d’Astrid Lulling, Presidentin vun der Federatioun, déi et zanter de 60er Jore gëtt, op Nofro hin.
De Quotidien hat e Mëttwoch de Mueren a senger Editioun geschriwwen, datt d’Federatioun aus dem Daachverband gehäit gi wier nodeems et um Schlass Bierg zu engem Tëschefall tëscht der Grande-Duchesse an der Presidentin vun der Federatioun komm wier. D'Astrid Lulling hätt op verschiddene Punkten der Groussherzogin nämlech net Recht ginn, zum Beispill, datt de Kampf fir d'Fraerechter déi lescht Joerzéngten hir Friichten net gedro hätt.
Dann hätt si eng grouss Partie vun hirem Liewen fir näischt gekämpft, mengt d’Astrid Lulling RTL géintiwwer. Méi an den Detail wollt si wéi gesot net goen, bis si Erklärunge vum CNFL kritt, firwat d’Federatioun ausgeschloss gouf.
E Méindeg hätten 5/6 vun den Associatiounen, déi dem nationale Fraerot ugehéieren, fir d’Exklusioun gestëmmt, erkläert op der anerer Säit d'Danielle Becker-Bauer vum nationale Fraerot. Si wéilt op d'Polemik net agoen, et géife méi wichteg Sujete ginn. Et géifen e puer Grënn ginn, firwat een d'Federatioun ausgeschloss hätt, wéi eng konkret, wollt d'Presidentin net nennen. Den Intemezzo tëscht der Astrid Lulling an der Grande-Duchesse Maria Teresa wier net den Haaptgrond. Et wéilt een d'Problemer intern léisen, konform zu de Statuten an dës Themen net op der Place publique ausdroen. D'Federatioun hätt vill Zäit kritt, fir sech ze veräntwerten. Ma si hätt ni vun den Occasioune profitéiert.