Am Centre national d’Incendie et de Secours sinn eng ganz Rëtsch Entitéiten ënnerbruecht. Ënnert engem Dag fënnt een hei verschiddenen Direktioune vum CGDIS, d’Zentral vum 112, de Formatiounszentrum vun de Secouristen an och d’Stater Pompjeeën.
De Grand-Duc Henri a 400 weider Éieregäscht hunn un der feierlecher Aweiungszeremonie deelgeholl. 3,5 Joer gouf un der Kasär gebaut an elo steet op der Cloche d’Or déi schéinsten a modernste Kasär an Europa, esou d’Stater Buergermeeschtesch a Presidentin vum CGDIS-Verwaltungsrot Lydie Polfer an hirer Ried.
De Centre National d’Incendie et de Secours ass net just einfach eng Kasär, et ass och en Symbol vun enger reusséierter Reform vun de Rettungsdéngschter, huet d’Inneministesch Taina Bofferding an hirer Ried betount.
D’Kasär ass net just den nationale Sëtz vum CGDIS, ma och dat neit Doheem vun de Stater Pompjeeën. Si sinn am September 2021 vun der Areler Strooss op d’Cloche d’Or geplënnert. Aktuell schaffe knapp 450 Leit hei.