CGDISFënnef Accidenter am Laf vun e Freidegowend, fënnef Leit verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Vum spéide Freidegnomëtte bis an d'Nuecht op e Samschdeg eran, haten d'Rettungsekippe vum CGDIS nees all Hänn voll ze dinn.
© Laurent Weber

Géint 17.30 Auer koum et an der Iechternacher Strooss zu Grolënster zu enger Kollisioun tëschent zwee Gefierer, bei där allerdéngs kee blesséiert gouf. D’Secouriste vu Jonglënster an aus der Fiels waren hei am Asaz.

Kuerz virun 18 Auer ass en Auto zu Simmer an der Areler Strooss bäigaangen, dobäi gouf eng Persoun verwonnt, ëm déi sech d’Rettungeskippe vun Habscht a Mamer gekëmmert hunn. An der Escher Groussgaass ass um 18.30 dann nees eng Persoun ugestouss, hei waren d’Escher Rettungsleit, wéi och déi vu Suessem-Déifferdeng an den Asaz geruff ginn.

Eng Kollisioun mat zwee Autoen, déi zwee Blesséierter gefuerdert hat, gouf et kuerz duerno op der A4 a Richtung Stad, tëschent dem Zéissenger Kräiz a Märel, d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad a Beetebuerg waren op der Plaz.

An der Nuecht op e Samschdeg, méi prezis um 1.38 Auer gouf et dann nach en Asaz fir d’Rettungsekippe vu Beefort an nees aus der Fiels. En Auto war um CR121 tëschent dem Mëllerdall an dem Grondhaff accidentéiert an et ass eng Persoun blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO