
Virun allem op der Autobunn sinn der Police wärend der Kontroll tëscht 11 an 13 Auer nawell eng Rei Chaufferen an d’Netz gaangen, déi op der Héicht vum Sennengerbierg a Richtung Tréier ënnerwee waren. An deem Beräich gëtt et ee Laangzäit-Chantier, bei deem d’Vitess op 90 Stonnekilometer reduzéiert ass.
A fënnef Fäll huet d’Police de Chaufferen de Fürerschäin nach op der Plaz ofgeholl, well si ze séier ënnerwee waren. A 25 weidere Fäll hunn d’Chaufferen 145 Euro misse bezuelen an 2 Punkte missen ofginn, well d’Chaufferen amplaz vun den erlaabten 90 Stonnekilometer mat 115 Stonnekilometer ënnerwee waren. Véier Chauffere kruten iwwerdeems e Protokoll, well si net all, oder net déi richteg Autospabeieren derbäi haten.
Bei enger weiderer Verkéierskontroll op der N10 op der Bollenduerfer Bréck goufen dann och nach eng Rei Chauffere mat 49 Euro verwarnt, well si am Duerf ze séier gefuer waren. An zwee weidere Fäll bei der Kontroll tëscht 14.30 a 16.30 Auer gouf festgestallt, datt d’Luuchte vun de Ween futti waren (49 Euro) an ee Chauffer gouf verwarnt, well hie säi Fürerschäin net konnt weisen.