
Déi dräi Täter goufen dobäi allerdéngs vun engem Bewunner iwwerrascht a sinn doropshi geflücht. Am Kader vun enger Sichaktioun, un där direkt e puer Unitéite vun der Police dru bedeelegt waren, konnten zwee Verdächteger festgeholl ginn. D’Sich vum drëtte Verdächtegen ass negativ verlaf.
Weider Ënnersichungen hunn erginn, dass déi Verdächteg mat weideren Abréch zu Lëntgen, Rolleng, Goussel a Miersch kéinten a Verbindung stoen. Déi presuméiert Abriecher goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Am Garer Quartier an der Stad, goufen en Dënschdeg zwou Persoune festgeholl, déi virdrun en Tablet an engem Geschäft geklaut haten. Op der Gare konnt iwwerdeems en Drogendealer gepëtzt ginn, deen am gaange war, Haschisch ze verkafen. Hien hat Haschisch, en Handy a Boergeld op sech. Hie koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.