Am Regierungsrot ugehollFeu vert fir eenzeg Steierklass, Dokteschgesellschaften, méi Sue fir Zaldoten an neie Lycée zu Schëffleng

Roy Grotz
Den entspriechende Gesetzesprojet vun enger eenzeger Steierklass ass am Regierungsrot ugeholl ginn. Dëse gëtt uganks Januar vum Finanzminister Gilles Roth presentéiert.
© RTL
CdG-16122025.docx

De Gesetzprojet iwwert d’Dokteschgesellschaften, op dee jo vill gewaart gouf, war mam Projet vun der Findel-Klinik lo an der Debatt. Eng viregt Virlag fir en Gesetzestext, deen vun der LSAP-Ministesch Paulette Lenert ausgeschafft gi war, war zeréckgezunn ginn a gouf vun hirer CSV-Nofollgerin iwwerschafft. Basis ass de legislativen Kader, dee fir Etuden vun Affekote gëllt. Deemno dierfen sech nëmmen Dokteren, Zänndokteren, Veterinären a Psychotherapeuten zu sou Gesellschaften zesummendinn, déi professionell onofhängeg no den gëltegen Deontologie-Reegele matenee schaffen. Wichteg ass, datt am Text all Finanzement oder Bedeelegung vun Drëtten, déi net Medezinner sinn, ausgeschloss ginn. Deemno bestinn d’Dokteschgesellschaften exklusiv vu Leit, déi am Collège Médical oder Vétérinaire ageschriwwe sinn. Et sinn och dës Gremien, déi d’Doktesch-Associatiounen mussen guttheeschen.

CdG-17122025.docx

Mat engem Mesurëpak, deen och elo duerch de Regierungsrot goung, soll d’Arméi méi attraktiv gemaach ginn - dat ouni, datt d’Wuert Arméi-Flicht fält. Virun allem ginn d’Weeër fir Zaldoten (fräiwëlleg an haaptberufflech) an Zivilisten, fir op den Härebierg ze rekrutéieren, méi breet opgemaach ginn. Sou sollen och kënnen EU-Bierger, déi net am Land wunnen, an d’Arméi integréiert ginn.

Finanziell soll d’Pai vun de fräiwëllegen Zaldoten em minimum 530 Euro de Mount eropgoen. Dat wieren aktuell amplaz ronn 2.200 dann 2.700 Salaire de Mount am Ufank vun der Carrière. Nom véierte Joer Déngscht läit de Salaire dann bei 3.700 Euro. D’aktiv militäresch Phase gëtt iwwerdeem vun 4 op 5 Joer eropgesat.

Weider huet de Conseil eng nei Digital-Strategie bis 2030 an en nationalen Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der Bio-Landwirtschaft ugeholl. Den Aktiounsplang soll deemnächst presentéiert ginn.

An zu Schëffleng gëtt en neie Lycée gebaut. Hei entsteet dann eng weider ëffentlech Europaschoul. Och dat gouf am Regierungsrot decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO