VullegrippFir den Ament besteet keng Gefor fir d'Hauskazen zu Lëtzebuerg 

RTL Lëtzebuerg
Bis elo sinn zu Lëtzebuerg nëmme Gefligel un der Vullegripp gestuerwen. A Länner wei Däitschland an Holland goufen elo awer och Kazen infizéiert.
© RTL

Viru kuerzem sinn der eng Rei duerch d’Krankheet gestuerwen. Zu Lëtzebuerg ass bis elo nach kee Fall bekannt. D’ALVA, Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttel Verwaltung, schafft mam LIH zesummen, fir scho verschidde wëll Mamendéieren ze observéieren. Bis elo goufen et do awer nach keng Infektiounen, erkläert Directrice-Adjointe, Dr. Caroline Merten. Och d’Kaze si fir den Ament net vun der Vullegripp befall.

Fir den Ament besteet keng Gefore fir d'Hauskazen zu Lëtzebuerg 
Bis elo sinn zu Lëtzebuerg nëmme Gefligel un der Vullegripp gestuerwen. A Länner wei Däitschland an Holland goufen elo awer och Katzen infizéiert.

Dëst Joer gouf den éischte Fall vun der Vullegripp zu Lëtzebuerg am Oktober bei enger Hoergäns festgestallt, zanterdeem goufen et der 22. D’Hoergänse sinn am meeschte befall mat 17 Fäll bis elo. De leeschte positive Vull gouf et nach dës Woch, dofir ginn déi aktuell Restriktiounen och nach net opgehuewen. Hei misst et als éischt mol wärend 2 Woche kee positiven Fall ginn, ier d’Restriktioune gelackert ginn. No 4 Wochen ouni positive Fall kéinten dës dann eréischt komplett opgehuewen ginn.

Fir den Ament mussen d’Kazebësetzer zu Lëtzebuerg sech nach keng Suerge maachen, mee am Fall wou et och zu Lëtzebuerg zu sou Fäll géif kommen, huet d’ALVA och scho Consignë virgesinn. Falls een Hausdéier grippenänlech Symptomer opweist, sollt ee mam Déier séierméiglechst bei de Veterinär goen.

Back to Top
CIM LOGO