4. Dag am Prozess géint GynekologFréier Mataarbechter entlaaschten den Ugekloten

Diana Hoffmann
E Gynekolog muss sech aktuell wéinst dem Reproche vu Vergewaltegung a sexueller Belästegung vu 4 Frae veräntwerten. Dëst soll tëscht 2013 an 2018 am Cabinet  passéiert sinn.
© RTL Archiv

Véier aktuell a fréier Mataarbechterinnen hunn e Freiden de Moien ënner Eed ausgesot. Keng vun dëse ka sech virstellen, dass eppes un de Reprochë vun de presuméierte Victimmen dru wier. Si all hu scho bal vehement betount, dass den Dokter ni eleng bei medezineschen Ënnersichunge mat de Patientinne gewiescht wier.

4. Dag am Prozess géint Gynekolog - Diana Hoffmann

“Fir déi gynekologesch Ënnersichunge war ech ëmmer present”, huet zum Beispill déi fréier Biologistin vum Gynekolog ënnerstrach, déi tëscht 2014 an 2022 do geschafft huet. Ni hätt si en deplacéierte Gest beim Dokter gesinn. Soss hätt si dësen net Frënn recommandéiert, déi e Kannerwonsch haten. De selwechte Constat huet déi fréier Sekretärin gemaach, déi 20 Joer, bis zu hirer Pensioun 2015 am Cabinet geschafft huet. “Ni huet jee een eppes gesot, ni war iergend e Problem. An den 20 Joer net eng Kéier”, seet och dës fréier Mataarbechterin. Souwäit si dat beurteele kéint, wier den Dokter zu kengem Ament eleng mat de Patientinne gewiescht. Den Dokter hätt ëmmer wëllen een dobäi hunn.

Och zwou weider Mataarbechterinnen, fréier an aktuell, hunn da positiv iwwert den Ugeklote geschwat. “Ech ka mer d’Uschëllegungen net virstellen”, mengt eng Fra, déi tëscht 2006 an 2022 als Hiewan beim Gynekolog geschafft huet. Si hätt déi schwanger Frae vum Ugeklote betreit an e gutt Verhältnis zu hinne gehat. Keng hätt sech iwwer de Gynekolog beschwéiert.

D’Fro déi souwuel d’Riichter wéi och de Parquet awer interesséiert huet, war, ob de Mann och emol eleng mat senge Patientinne gewiescht wier. D’Biologistin huet hei betount, dass dat ni de Fall gewiescht wier. De Parquet huet si op Widderspréch an hiren Aussoen opmierksam gemaach. Bei der Police hat si ausgesot, net bei den Echografien dobäi gewiescht ze sinn. Si huet betount, dass se generell maximal e puer Minutten aus dem Raum gewiescht wier. Beim Oftaaschte vun der Broscht wier si awer dobäi gewiescht.

Widderspréch an den Aussoe waren och bei der Fra a laangjäreger Sekretärin vum Gynekolog festgestallt ginn. Bei der Police hat si ausgesot, ni bei Consultatioune mat dobäi gewiescht ze sinn. Elo sot si, dass si och emol ausgehollef huet am Behandlungsraum, wa soss keen do war. D’Biologistin huet da gesot, wa si am Congé wier, géing si kucken, vun enger Hiewan ersat ze ginn. D’Hiewan sot dogéint, dass dat net méiglech wier, well dat jo net hier Aarbecht wier. Ma et wieren och emol Stagiairen do gewiescht.

Am Behandlungsraum wier e “Kommen a Goe gewiescht”, huet d’Hiewan dann nach betount. Zu all Ament hätt kënnen een erakommen. Emol wier et si gewiescht, en aner mol d’Sekretärin. Beim Ultraschall wier si awer och net ëmmer dobäi gewiescht.

Och dës Kéier war de fréieren Associé vum Gynekolog nees Sujet vun der Sëtzung. Souwuel déi aktuell Sekretärin, wéi och déi fréier Sekretärin hu sech un eng Zeen 2013 am Cabinet erënnert, nodeems den Ugekloten d’Aarbechtsverhältnis mam Associé gekënnegt hat. Dëse wier immens rose gewiescht an hätt gesot, dass him dat nach géing Leed doen. Den Affekot vum Ugekloten huet drop higewisen, dass et no der Separatioun vun deenen zwee reegelméisseg zu Plainte vum Associé géing den Ugeklote komm wier.

Och am Ufank vun dëser Sëtzung huet de Parquet matgedeelt, dass sech eng weider Fra bei der Police gemellt hätt, fir eng Plainte géint den Ugekloten ze maachen. Seng Affekoten hunn dëst als e Phänomen vun Trittbrettfuerer bezeechent an dem Parquet ënnerstallt, hirem Mandant mat dëser Kommunikatioun schueden ze wëllen. D’Riichterin huet dann och nach kloer gestallt, dass d’Fra, déi sech an der Sëtzung en Donneschdeg gemellt huet, déi gewiescht wier, déi e Mëttwoch Plainte gemaach hat.

De Prozess geet d’nächst Woch weider.

Back to Top
CIM LOGO