Alphabetiséierung op FranséischFréistens vum Schouljoer 2026/27 un

Carine Lemmer
Zanter dem leschte Schouljoer kënnen d'Schüler a 4 Schoulen am Land op Franséisch Liesen a Schreiwe léieren.
© RTL

Dat am Kader vun engem Pilotprojet, deen aktuell an der Fiels, zu Schëffleng, Diddeleng an Déifferdeng leeft.

Alphabetiséierung op Franséisch fréistens vun 2026/27 un / Carine Lemmer

D’Alphabetiséierung war en Donneschdeg Thema an der Chamberkommissioun vun der Educatioun, déi jo zanter Kuerzem live aus dem Parlament per Video iwwerdroe gëtt.

Am September wäerten iwwer 400 Kanner vum Projet Alpha betraff sinn. En Deel vun hinne gëtt dann op Franséisch alphabetiséiert. “Mir maachen dat virsiichteg an iwwerstierzen näischt”, sot de Minister Claude Meisch en Donneschdeg. Well wann de Choix, ob een op Däitsch oder Franséisch schreiwen a liese léiert, agefouert gëtt, wär dat eng ganz grouss Reform, där s wier sech jidderee bewosst. Mä d’Noutwendegkeet wier do, seet den Direkter vum Script, de Luc Weis: “Haut schwätzt effektiv vun de Kanner, déi an der Lëtzebuerger ëffentlecher Schoul sinn, manner wéi een op dräi nach Lëtzebuergesch als éischt Sprooch doheem.”

D’Schülerpopulatioun ass haut eng aner wéi virun zwanzeg Joer. Zwee Drëttel schwätzen doheem net Lëtzebuergesch. Fir méi Gerechtegkeet wär et wichteg, Liesen a Schreiwen an enger “méi staarker Sprooch” ze léieren. Nach ass net definitiv decidéiert, datt déi franséisch Alphabetiséierung iwwerall kënnt. All d’Parteien an der Chamber ënnerstëtzen u sech de Pilotprojet. D’ADR huet méi Bedenke wéi déi aner Parteien.* Organisatoresch Froen haten ënner anerem d’Francine Closener vun der LSAP:

“A wat geschitt, wann an enger Schoul, soe mer d’Majoritéit, iwwer 80 % vun den Elteren, sech fir Däitsch decidéieren oder eebe vläicht och fir Franséisch, ass et dann awer nach logistesch an organisatoresch ze stemmen?”

Grad wéi och den Alex Donnersbach vun der CSV:

“Ech hoffen, datt een do all d’Aspekter mat setzt, an datt net herno de komplette Chaos ass bei den Enseignanten, wann dat sollt ëmgeännert ginn.”

D’Diane Adehm vun der CSV huet nach méi wäit an d’Zukunft gekuckt. Hirer Erfarung no géif d’Demande no Engleschcoursen och ëmmer méi grouss ginn: “Gëtt dann och vläicht eng Kéier dru geduecht, fir an Zukunft e Pilotprojet am Fondamental anzeféieren, wou Kanner kënnen op Englesch alphabetiséiert ginn?”

Dat wier eng berechtegt Fro, huet de Minister Meisch geäntwert, wann och net fir elo, an et gi jo och déi ëffentlech international Schoulen. Et wéilt een elo Erfarunge sammelen - a wann - d’Alphabetiséierung op Franséisch, fréistens vum Schouljoer 2026/2027 un aféieren.

*Obschonn de Fred Keup sech en Donneschdeg an der Kommissioun net ganz kloer géint d’Alphabetiséierung op Franséisch positionéiert hat, huet d’ADR an engem Communiqué e Freideg preziséiert, datt d’Partei “sech ëmmer kloer géint eng Alphabetiséierung op franséisch ausgeschwat” huet. Esou och schonn an engem Communiqué de 15. September 2022.

Back to Top
CIM LOGO