8. Dag am Bommeleeër-bis-ProzessFuerderung vum Parquet wier "hanebüchen"

Diana Hoffmann
De Bommeleeër-bis-Prozess kënnt a seng drëtt Woch. E Méinden hunn déi éischt Affekote vun den Ugeklote mat hire Plaidoirien ugefaangen.
© Laurent Weber / RTL

De 6 Ugekloten aus der fréierer Gendarmerie an der Sûrté publique gi Falschaussoe wärend dem Bommeleeër-Prozess an de Joren 2013/14 reprochéiert.

8. Dag am Bommeleeër-bis-Prozess / Reportage: Diana Hoffmann

De Roland Assa, Affekot vum Pierre Reuland, fréiere Police-Generaldirekter, konnt net verstoen, dass den Tribunal eppes kéint géint säi Mandant zréckhalen. Hien hätt näischt gesot, wat den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes am Prozess vun 2014 hätt kënnen en Avantage oder en Desavantage sinn.

De Parquet hat e Mëttwoch 5 Joer Prisong fir de Pierre Reuland gefrot. “Dat fannen ech hanebüchen”, sot e Méinden nom Prozess säin Affekot dozou. De Roland Assa gesäit d’Konditiounen, dass säi Mandant eng Falschausso gemaach hätt, net ginn. Dat wieren deemools ongeschéckten an onglécklech Aussoe gewiescht. Wann een de Prozess géing kucken, kéim een zur Conclusioun, dass et e Kaartenhaus wier, wat op Sand gebaut ass. An dëse Sand wieren d’Zeienaussoen. Dës wieren awer net fiabel, aus dem Grond, wéi d’Memoire funktionéiert. Ëmmer nees, wann ee sech erënnert, gëtt d’Memoire nei opgebaut, mat allen Aflëss déi dobäi komm sinn.

Um Enn huet hien de Fräisproch fir säi Client gefrot. Iwwert d’Schuedenersatzfuerderung vun de Parties civiles Jos Wilmes a Marc Scheer sot hie sech “e bëssi schockéiert”. Ëmmerhin hätt säi Mandant als fréiere Supérieur hiérarchique an hirem Avantage geschwat, andeems e gesot hätt, dass e sech net kéint virstellen, dass si eppes mat der Bommeleeër-Affär ze dinn hätten.

Den Affekot Frank Wies, deen de Marcel Weydert, fréiere Gendarmerie-Member vertrëtt, war no 30 Minutten da mat senger Plaidoirie duerch. Hien huet duergeluecht, dass säi Mandant sech scho wärend dem Prozess 2014 zréckgeholl hätt, a gesot, dass hien dach net déi Persoun op der Foto wier, fir déi hie sech gehalen huet. “An trotzdeem huet et mussen 11 Joer daueren, bis dass en dann hei gesot kritt: Finalement kann d’Geriicht Iech net condamnéieren, well Dir hutt Iech jo zréckgeholl. An dat ass den Haaptreproche, dee mir dem Parquet maachen”, sot de Frank Wies no der Sëtzung.

Fir de Marcel Weydert hat de Parquet e Fräisproch gefrot. Well d’Geriicht awer net gezwonge wier, dem Parquet nozegoen an och emol eng aner Meenung géing vertrieden, huet och de Frank Wies de Fräisproch vu sengem Client gefrot.

Back to Top
CIM LOGO