
Et huet a béide Fäll de Verdacht bestanen, dass d’Butteker mat gefälschter Wuer géingen handelen. Bei de Perquisitioune konnten effektiv bal 5.000 presuméiert gefälschte Produite vu verschiddene Luxus-Marke souwéi ronn 19.000 Euro Boergeld séchergestallt ginn. D’Sue goufen op Uerder vum Untersuchungsriichter saiséiert an d’Ermëttlunge lancéiert.
Zeréckzeféieren ass den Asaz duerch d’Zesummenaarbecht tëscht dem Service Criminalité générale bei der Police judiciaire, dem Parquet souwéi dem Bureau Gestion des Avoirs (BGA) an Europol.