
Cannabisbléien, déi sollen THCA enthalen, ginn zu Lëtzebuerg duerch eng Firma verkaaft, déi op Hanf-Produite spezialiséiert sinn. Ma d’Bléie werfe Froen zu der Legalitéit an der Sécherheet vum Produit op. Wärend CDB (Cannabidiol) eng net-psychoaktiv Verbindung ass, déi ënner strengen Oplagen erlaabt ass, ass THCA (Tetrahydrocannabinolsäure) eng Virstuf zum bekannten THC, der wichtegster psychoaktiver Substanz am Cannabis. Obwuel THCA a senger puerer Form selwer keen “High” ausléist, wandelt et sech an THC ëm, wann et waarm gemaach gëtt. Mir hu Stéchprouwen ënnersiche gelooss an déi zoustänneg Autoritéiten, genee wéi de Betrib, deen d’Produkt verkaaft huet, vun eisen Decouverten a Kenntnis gesat.
Esou Produite sinn am Ausland schonn zanter e per Joer ze kréien, woubäi dacks d’Tatsaach ausgenotzt gëtt, datt THCA net psychoaktiv ass, obwuel et beim fëmmen, baken oder verdämpe liicht an THC ëmgewandelt gëtt. An e puer Länner ass THCA dowéinst an enger rechtlecher Gro-Zon - ma net zu Lëtzebuerg.
Op eis Ufro op eng Reaktioun huet de Gesondheetsministère matgedeelt, datt hinne keng THCA-Produite bekannt sinn, déi zu Lëtzebuerg verkaaft géinge ginn, an huet ergänzt: “Produite mat THC gëllen als Stupefianten a sinn dowéinst illegal.” De Wirtschaftsministère, deem säin Tubaksteier-Timber op der Verpackung fonnt gouf, huet erkläert, datt virun allem fir Cannabis-Produite streng Virschrëfte gëllen, virun allem, wa se THC enthalen an datt dëst och fir THCA géif gëllen. Hire Verkaf oder Besëtz wier verbueden, ausser a streng gereegelte Fäll, wéi fir medezinesch Zwecker oder beim eegenen Ubau vu Cannabis.
Wärend CBD-Produite mat engem geréngen THC-Contenu vun ënner engem Prozent vermaart kënne ginn an och Liewensmëttel mat CBD mat enger Zouloossung entspriechend der EU-Veruerdnung iwwer neiaarteg Liewensmëttel kënne verkaaft ginn, huet déi geteste Prouf huet net deem entsprach, wat versprach gi war.
RTL Today huet ee Produit, deen als THCA-Cannabis gelabelt war, an engem Automat kaf an d’Prouf dunn an de Pipapo bruecht, engem Déngscht vun der Organisatioun 4motion, déi sech fir séchert Feieren, Drogekonsum a Sexualpraktiken asetzt. Fir bei Droge méiglech Risike minimiséieren ze kënnen, bitt de Pipapo de Service “Pipapo DUCK” un, fir Drogen op Inhalter iwwerpréiwen ze kënnen.

D’Prouf mam Wirtschaftsministère sengem Tubaksteier-Timber an dem übleche Label, op deem steet “Deen hei Produit ze fëmmen ass schlecht fir Är Gesondheet”, koum mat enger dréngender Warnung zeréck.
Am Rapport vun den Testresultater stellt de Pipapo fest, datt et sech bei der Prouf net ëm THCA-Cannabis handelt: “Et ass tatsächlech CBD-haltege Cannabis, dee mat syntheetesche Cannabinoide versat gouf.” Amplaz vum anscheinend “harmlose” Virleefer vun THC war am Produit also CBD, deen zu Lëtzebuerg ënner bestëmmte Conditioune legal ass, ma dee mat illegalen a gesondheetsschiedleche Substanze versat war.
Nieft enger onbekannter Konzentratioun vun CBD, Spuere vun THC an enger onbekannter Substanz, huet virun allem de syntheetesche Cannabinoid MDMB-PINACA ervirgestach, eng héichwierksam Verbindung, déi am Labo kreéiert gëtt an THC imitéiert, ma déi mat weesentlech méi héije Risike verbonnen ass.
Am Rapport geet Pipapo och op d’Geforen an: “Dës Substanze sinn héichwierksam a kënnen zu komplett onerwaarte Risike féieren.” Dozou kënnen Iwwelzegkeet, Bluttdrockschwankungen, Krämp, Panikzoustänn oder souguer akut Psychose gehéieren. Pipapo weist iwwerdeems dorop hin, datt et wéinst der ongläicher Verdeelung vun den dropgesprëtzte Substanze méi liicht zu enger Iwwerdosis komme kann, a weist dorop hin, datt et an Europa schonn Doudesfäll am Zesummenhang mat syntheetesche Cannabinoide ginn huet.
Wéi déi meeschte vun hire planzleche Konterpartië si syntheetesch Cannabinoiden an deene meeschten europäesche Länner illegal a gehéieren zu enger gréisserer Grupp u Substanzen, déi dozou genotzt ginn, Gesetzeslücken auszenotzen, wou se nach net ausdrécklech verbuede sinn. Si hunn eng änlech Wierkung wéi natierlech Cannabinoide wéi zum Beispill THC, ma kënne 50 bis 100 Mol esou staark sinn.
Et ass kloer, datt weder THCA nach syntheetesch Cannabinoiden zu Lëtzebuerg dierfe verkaaft ginn. Wat awer onkloer bleift, ass wéi esou Produiten, déi als THCA-Cannabis verkaaft goufen, letztendlech mat syntheeteschem Cannabinoide versat waren an awer iwwer Automaten un de Public verkaaft goufen.
An eiser Ufro fir e Statement sot de Geschäftsféierer vun der Firma, déi angeeblech mam Verkaf vum Produit a Verbindung steet, datt all d’Artikelen an hirer Offer “vun etabléierte Liwwerante bezu ginn a Labo-Analysen derbäi sinn. Doriwwer eraus kontrolléiere mir d’Chargë systematesch, ier mer se zum Verkaf fräiginn.” Hien huet och den Engagement vu senger Entreprise fir d’Anhale vun de gesetzleche Virschrëften an d’Produktsécherheet betount. Hien huet och ergänzt, datt “all Produit, deen Zweiwel opkomme léisst oder eis intern Standarden net komplett erfëllt, virsuerglech aus dem Verkaf geholl gëtt.”
Bezunn op de rechtleche Status vun de Produiten huet d’Entreprise erkläert: “Mir verkafen zu kengem Zäitpunkt wëssentlech Produiten, déi illegal oder syntheetesch Substanzen enthalen. All méiglech Onreegelméissegkeet géif seriö geholl an entspriechend ënnersicht ginn.” D’Firma seet ausserdeem, bis ewell keng Dokumenter dozou kritt ze hunn, déi een Zesummenhang tëscht de geteste Prouwen an dem Buttek beleeën.
Antëscht ass d’Plaz, wou d’Automate stounge, aus deenen déi getest Prouwe koumen, als “iwwergangsweis zou” ausgewisen. D’Firma huet no der Warnung vu Pipapo ausserdeem eng Erklärung an de soziale Medie publizéiert, wou se betount, datt bis ewell keen offiziellen Zesummenhang etabléiert gouf an datt eng onofhängeg Ënnersichung an d’Weeër geleet gi wier.

Wann Dir, oder een deen Dir kennt, viru kuerzem änlech Produite kaaft hunn, réit RTL Today dovunner of, dës ze konsuméieren. Wien eng Prouf wëll ënnersiche loossen, ka sech un de Pipapo riichten oder déi wëchentlech Spriechstonn dënschdes vu 16 bis 20 Auer besichen. De Pipapo bitt ausserdeem reegelméisseg Informatiounsveranstaltungen un, genee wéi perséinlech Berodungsgespréicher mat an ouni Rendez-vous an ass bei Events a ganz Lëtzebuerg vertrueden.