Keng Géigebeweegung zur AMMDGewerkschaft vun de Spidolsdokteren hofft op Zesummenaarbecht

Raphaëlle Dickes
D'Gewerkschaft vun de salariéierte Spidolsdoktere huet eng Statutenännerung ugeholl, esou dass och liberal Dokteren, déi an engem Spidol aktiv sinn, an hir Gewerkschaft kënne kommen.
Keng Géigebeweegung zur AMMD
Gewerkschaft vun de Spidolsdokteren hofft op Zesummenaarbecht

Ob liberal oder salariéiert, d’Spidolsdokteren hunn änlech Problemer an Erausfuerderungen. Sech zesumme fir gemeinsam Interessen anzesetzen, mécht do Sënn. Bis viru kuerzem hätt een dat awer guer net als Preoccupatioun gehat, seet d’Dr Monique Reiff, Presidentin vun MSH, wat neierdéngs fir «médecins du secteur hospitalier» steet. Mee mir hunn elo fonnt, datt dat wat d’AMMD gefuerdert huet, eng Privatmedezin, wou mir effektiv Angscht hunn, datt dat eng Zwee-Klasse-Medezin gëtt, dass dat ee Schrëtt ze wäit war an datt dat eisem Beruffsstand geschuet huet mat deem Deontologie-Kodex, dee mer hunn.”

Medezin dierft net kommerzialiséiert ginn. Sue mat kranke Leit maache wär net vertrietbar. D’MSH ass géint eng total Fräiheet fir d’Präisser festzeleeën a fir en obligatoresche Konventionnement. Als Oppositioun zur AMMD gesäit d’Gewerkschaft vun de Spidolsdoktere sech awer net. “Am Géigendeel, mir géifen eis freeën iwwer Kommunikatioun. Well ech mengen och, datt Soins primaires an den extra-hospitalier sinn enorm wichteg am Gesondheetssystem an do ginn et sécherlech Saachen déi ee misst erneieren. An nei Iddien, wéi Dokteschgesellschaften, natierlech ouni Privatinvestisseure wéi mir et gesinn, ass sécherlech eng Opportunitéit wouriwwer ee sollt schwätzen.”

D’MSH hofft deemno op Dialog an Zesummenaarbecht mat der Dokteschassociatioun. D’Gewerkschaft wär natierlech interesséiert, fir de 17. Dezember mat der AMMD an der CNS um Dësch ze sëtze fir eng nei Konventioun ze verhandelen. Ma dat schéngt éischter onwarscheinlech. Ëmmerhin huet d’AMMD iwwer 1.000 Memberen. D’MSH krut der de Moie zwar scho 7 bäi, läit awer aktuell just bei 100. “Ech mengen et steet am Gesetz, datt verhandelt gëtt mat der Association des médecins la plus représentative. Dat heescht vun der Zuel hir, vun der Anciennetéit hir, vun der Legitimatioun, esou datt mir do effektiv net opgestallt gi fir do Deel ze huelen. Mir sinn eng kleng Associatioun, mee ech soen, wann de staarke Wand aus der richteger Richtung kënnt, kënnt een och mat engem klenge Seegel e bësse virun», schmunzelt d’Dr Reiff.

Ob den néidege Réckewand kënnt, bleift ofzewaarden. An den nächsten Deeg wëll d’Gewerkschaft jiddefalls Demarchen ënnerhuele fir ze kucken, ob a wéi eng Fuerderunge se eventuell stelle kann.

Back to Top
CIM LOGO