FindelGrand-Duc Henri besicht Covid-Test-Zenter um Flughafen

RTL Lëtzebuerg
Zesumme mam Premierminister Xavier Bettel an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet de Groussherzog sech d'Struktur um Findel ugekuckt.

Fir mam gudde Beispill virzegoen, huet de Grand-Duc sech selwer am Zenter um Findel op de Coronavirus teste gelooss.

Well dës Tester wichteg sinn an der Lutte géint de Covid-19, wëll de Staatschef d'Bierger, ma och d'Touriste motivéieren, fir sech testen ze loossen a fir weiderhin déi sanitär Mesuren, déi a Kraaft sinn, ze respektéieren.

PDF: De Communiqué vun der Cour grand-ducale

Back to Top
CIM LOGO