"Gäichel 13"Vu Lëtzebuerg op Bréissel bannent 2 Stonnen a 5 Minutte vun 2030 un

François Aulner
D'Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg an der Belsch duerch konkret Aktioune verstäerken: Dat war de Message vum Premier Luc Frieden wärend der Visitt e Méindeg heiheem vu sengem belschen Homolog Bart De Wever an dräi weidere Ministeren.

Beid Regierungscheffen hunn d’militäresch Kooperatioun ervirgestrach mam gemeinsame Reconnaissance-Batallioun an dem A400M. Donieft gouf awer och en Accord am Zesummenhang mam GovSat-Satelitt ënnerschriwwen.

Och a Punkto Energie an Energietransitioun géing d’Zesummenaarbecht verstäerkt ginn, esou wéi a Punkto intern an extern Sécherheet.

Béid soten och, d’Belsch a Lëtzebuerg wieren e Laboratoire, fir déi europäesch Integratioun virunzedreiwen. Zesumme mat Holland wëllen d’Benelux eng Lëscht vu Barrièren opstellen, déi een da géing probéieren ofzebauen, esou de Bart de Wever. Dorënner Barrièrë fir Leit, déi an e puer Länner schaffen oder eng Entreprise wéilte grënnen. De Luc Frieden sot, et wéilt een den anere Länner weisen, ewéi ee méi enk kann zesumme funktionéieren: et wier kee “Club exclusif”.

D’Belsch a Lëtzebuerger Regierungen hu sech dann nach emol virgeholl, d’Zuchlinn tëscht béiden Haaptstied ze moderniséieren: Lëtzebuerg-Bréissel soll an 2 Stonnen a 5 Minutte goen an dat vu spéitstens 2030 un.

Liest hei dat offiziellt Schreiwes zu “Gäichel 13"

© François Aulner

Back to Top
CIM LOGO