"Spark25"Groussen Exercice fir Noutfäll um Fluchhafen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg gouf d’Noutfallübung "SPARK25" duerchgefouert, fir Noutprozeduren ze testen an internationale Sécherheetsnormen ze entspriechen.
© Vincent Flamion for Lux-Airport

Beim Zenario goung et ëm eng Evakuatioun vu Passagéier a Blesséierten aus engem Fliger an engem Gefier, souwéi ëm medezinesch Hëllef um Site. Iwwer 200 Leit hunn deelgeholl.

D’Übung huet den normale Fluchhafebetrib net beaflosst. Et gouf d’Koordinatioun an d’Reaktiounsfäegkeet vun de Rettungsdéngschter getest.

Dës Übung huet Méint Preparatioun verlaangt. Hir Duerchféierung, kuerz no engem rezenten, reellen Incident, war zoufälleg an hat kee Bezuch dozou, sou nach Lux-Airport.

© Vincent Flamion for Lux-Airport

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO