Ernärungspyramid gouf iwwerschafftEt goufen awer keng Ännerungen um ernärungswëssenschaftleche Plang gemaach

Dany Rasqué
Monica Camposeo
Den Dräieck, deen a 6 verschidde Kategorien ënnerdeelt ass, soll dobäi hëllefen, sech equilibréiert ze ernären.

Ernärungspyramid gouf iwwerschafft / Reportage Dany Rasqué

D'Ernärungspyramid dierft deene meeschte Leit e Begrëff sinn. Den Dräieck, deen a 6 verschidde Kategorien ënnerdeelt ass, soll dobäi hëllefen, sech equilibréiert ze ernären. An den USA gouf déi Pyramid dëst Joer ugepasst. Si recommandéieren zum Beispill elo méi Proteinnen z'iessen.

Zu Lëtzebuerg gouf d'Pyramid iwwerschafft. Iwwerschafft jo, mä et goufe keng Ännerungen um ernärungswëssenschaftleche Plang gemaach, explizéiert d'Anne Marx. Si ass Dieteticienne am Gesondheetsministère a seet d'Pyramid géif scho reegelméisseg iwwerschafft ginn, mä et si meeschtens méi kleng Ännerungen déi gemaach ginn.

"Zum Beispill beim Waasser war op eiser éischter Pyramid, huet ee wierklech gesinn, dat ware Plastiksfläschen an déi hu mer elo mat Glas ersat oder mam Krunn, fir Krunnewaasser och ze promouvéieren. An dann och, wann et ëm Uebst a Geméis geet, dass een do méi lokal a saisonal ësst, dat heescht, do hu mer och exotesch Friichten, déi vu wäit ewechkommen, hu mer ewechgeholl, wéi zum Beispill eng Ananas. An dann awer och nach Ännerungen, déi sinn, also d'Leit iessen och ëmmer méi vegetaresch oder vegan."

Aus deem Grond goufen och vegetaresch Alternativen an d'Kategorie vun de Proteinnen integréiert.

Bei Restopolis gëtt ganz genee opgepasst wat an d'Dëppe kënnt, well d'Entreprise kacht an de Schoulkantinnen. D'Sabrina Dell'Aera Monteiro ass Dieteticienne bei Restopolis an ënnersträicht, datt een do schonn zënter Jore Wäert op vill Uebst, Geméis a planzlech Proteinquelle leet.

"Uebst, Geméis, Hülsenfrüchte si bei eis en normale Bestanddeel vun eise Menüen. Eng aner Saach, déi eis wichteg ass, a wat mer och scho säit Jore maachen, dat ass lokal biologesch a saisonal Produite benotzen. Dat maache mer och. An da wat d'Waasser betrëfft, do hu mir och eng nohalteg Approche, andeems mer de Schüler Krunnewaasser ubidden, awer och Gedrénks a gliese Fläschen."

Wat nei ass, ass datt d'Schüler e puer Mol an der Woch Desserten ugebuede kréien an deene keen Zocker dran ass. Dee fënnt een nämlech ganz uewen an der Ernärungspyramid.

Back to Top
CIM LOGO