Invité vun der Redaktioun (24. Mäerz) - Tom WirionHandwierksbetriber solle Subside kréien, ouni Remboursement

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Handwierkerkummer eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Tom Wirion
En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Handwierkerkummer eisen Invité vun der Redaktioun.

All Betriber wiere vun der Krise betraff, ma besonnesch déi Kleng mat bis zu 9 Salariéen. Si maache 76% vum ganzen Handwierk aus. An d'Independanten. Dat sot den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion.

Hie war onsen Invité vun der Redaktioun.

Haaptproblem sinn d'Liquiditéiten, also d'Suen. Déi annoncéiert Hëllefe vun der Regierung wiere gutt, géingen awer net duergoen. Den Tom Wirion fuerdert dowéinst direkt Subsiden, déi net misse rembourséiert ginn. An dat schonn am Abrëll.

Et misst e Mix vu Mesurë sinn fir, datt d'Betriber d'Coronakris iwwerliewen.

En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Handwierkerkummer eisen Invité vun der Redaktioun.

Reaktioun vum Dan Kersch

Den Aarbechtsminister Dan Kersch äntwert dorobber a schwätzt vu Mëssverständnesser.

D'Regierung hätt "Direkt-Mesuren" decidéiert. Déi wieren eenzegaarteg, fënnt den Dan Kersch. Hien hätt nach kee Land gesinn, dat esou wäit geet wéi Lëtzebuerg.

RTL NEWS: Dan Kersch reagéiert op Aussoe vum Direkter vun der Handwierkerkummer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO