Den 21. September ass Weltalzheimerdag. Eng 9.200 Persounen hei am Land haten op Enn zejoert eng Diagnos vun Demenz, ongeféier 3,5% vun de Residenten iwwer 60. Well mer generell ëmmer méi al ginn, wäert dee Pourcentage an den nächste Joerzéngte weider klammen. Dofir ass d'Preventioun, déi fréi Diagnos, d'Sensibilisatioun an d'Begleede vu Concernéierte ganz wichteg.
E gesond an aktiivt Liewe kann de Risiko reduzéieren. Et soll een also physesch, sozial a kognitiv aktiv bleiwen. Och Isolatioun fërdert Demenz a se muss och net onbedéngt altersbedéngt sinn. Méi jonk Mënsche kënnen un enger sekundärer Demenzform erkranken. Se ka sech wéinst enger Krankheet, déi de Patient scho virdrun hat entwéckelen.
D'Demenz ass nach ëmmer en Tabutheema a staark stigmatiséiert. Ville Betraffenen an hire Famillje fält et schwéier, doriwwer ze schwätzen. Vill Patiente schumme sech dofir a probéieren am Ufank, d'Krankheet ze iwwerspillen. Zwar ginn et Medikamenter, déi d'Krankheet erauszögere kënnen, mee heele kënne si se net. Mam Memory Walk e Samschdeg an der Stad wëll d'Associatioun Alzheimer Lëtzebuerg an déi aner Acteuren d'Krankheet méi siichtbar maachen. Et wier wichteg, d'Mënschen ze informéieren an ze sensibiliséieren.
Chiffere vun der Weltgesondheetsorganisatioun beleeën, dass ronn 45% vun den Demenz-Fäll kéinte verhënnert oder op d'mannst retardéiert gi mam richtege Verhalen. Dozou gehéieren ënnert anerem keen Tubak, manner Alkohol, vill Beweegung, Diabetes an héije Bluttdrock an de Grëff kréien.
Sämtlech Informatioune fënnt een online op demenz.lu.